Séisskäschtebam

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séisskäschtebam
E Séisskäschtebam
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Fagales
Famill Bicheplanzen
Gattung Castanea
Wëssenschaftlechen Numm
Castanea sativa
Mill.

De Séisskäschtebam, Castanea sativa Mill., dee Käschten dréit, ass e Bam aus dem Süde vun Europa, a gouf am Norde vun de Réimer praktesch gläichzäiteg mat der Rief agefouert. De Séisskäschtbam gëtt et nach an Nordafrika an a Westasien. An Europa ass et den eenzege Vertrieder vun der Gattung Castanea.

Et ass e Bam, deen e waarme Klima brauch, an en ass empfindlech géint de Frascht.

Op dréchenen a sandege Biedem ass net vill un Zouwuess z'erwaarden, soss huet en awer keng grouss Uspréch un de Buedem.

D'Séisskäschtebeem kënne bis iwwer 400 Joer al ginn. An de Bëscher gi se a Südwestdäitschland, Bulgarien, Italien an a Rumänien ugeplanzt.

D'Friichte stinn a Kluddere vun zwou oder dräi ongeféier 3×4 cm groussen helle gielgrénge Schuelen, déi banne mat wäisse seidegen Hoer ausgekleet sinn. Et si meeschtens zwou Käschten an all Schuel, wouvun déi eng déck an zimmlech ronn ass, an déi aner kleng a konkav. Se sinn däischtergbrong a blénkeg.

Séisskäschten
Schnëtt duerch de Stamm

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Castanea – Biller, Videoen oder Audiodateien