Séisskäschtebam um Scheedhaff
De Séisskäschtebam (Castanea sativa; châtaignier; Esskastanie) um Scheedhaff steet an engem Fichtebestand nieft der bemierkenswäerter Lannenallee, déi laanscht d'Reschter vum fréiere Scheedhaff féiert, ronn 100 m vun deem Wee ewech an zirka 25 m vun der Strooss, dem CR234, déi vum amerikaneschen Zaldotekierfecht op Sandweiler féiert.
D'Haaptäscht vum Bam gi breet auserneen, wat weist, datt hie fräi opgewuess ass, also ouni d'Konkurrenz vun anere Beem. Well d'Séisskäschtebeem vill Luucht brauchen, huet de Proprietär d'Fichte ronderëm ewechhuele gelooss.
De geneeën Alter vum Bam ass net bekannt, en däerft sécherlech 200 Joer iwwerschreiden.
Ëm 2000 gouf op Broschthéicht en Ëmfank vu 4,58 m gemooss, bei enger Héicht vu 27 m.
2008 kann ee gesinn, datt déi dräi Haaptäscht an hirer Spëtzt duerch stole Seeler matenee verbonne sinn.
2002 gouf dëse Koloss fir d'éischt als bemierkenswäerte Bam gefouert. 2007 gouf en als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Geographesch Koordinaten: 49° 36’ 37.65’’ N 06° 11’ 47.91’’ O
Quellen[änneren | Quelltext änneren]
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 150-151, Text a Foto)
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 2. Mee 2023).