Scheedhaff

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Scheedhaff an der Gemeng Lëtzebuerg. Fir deen an der Gemeng Waldbëlleg, kuckt wgl. Scheedhaff (Waldbëlleg).
Scheedhaff
De Scheedhaff
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Scheidhof
de: Scheidhof
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Koordinaten 49° 36’ 33.50’’ N
      06° 11’ 49.83’’ O

De Scheedhaff ass e Lieu-dit an der Gemeng Lëtzebuerg deen am Südoste vum Quartier Hamm, op der Grenz mat der Gemeng Sandweiler läit. De Scheedhaff besteet aus zwee Wunnhaiser an den Iwwerreschter vun engem Bauerenhaff (Scheedhaff).

Ugrenzend un de Scheedhaff, am Dräieck tëscht dem CR159 dee vu Sandweiler op Izeg féiert, der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg an dem CR234, läit, op Sandweiler-Gebitt, d'Industriezon Scheedhaff (Zone industrielle Schaedhaff).

Den Numm Scheedhaff kënnt vum Flouernumm Scheed, vun der Plaz wou e steet. De Scheed ass eng vun den héije Plazen am Biergréck deen den Uelzechtdall vum Sirdall trennt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Scheedhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Iwwerreschter vum Scheedhaff. Lénks déi bemierkenswäert Lannenallee (Januar 2008).