Lannenallee um Scheedhaff

Vu Wikipedia
D'Lannenallee um Scheedhaff, vun der Strooss aus gesinn (Februar 2008). Lénks d'Ruine vum Scheedhaff. Riets de Fichtebestand mat dem bemierkenswäerte Séisskäschtebam (op dësem Bild net ze erkennen).
A Richtung Strooss gekuckt. Riets eent vun deenen zwee Wunnhaiser um Scheedhaff.

D'Lannenallee um Scheedhaff steet beim Scheedhaff zu Hamm, wou se laanscht d'Iwwerreschter vum fréiere Scheedhaff bis bei zwee Wunnhaiser féiert.

D'Allee, déi a Privatbesëtz ass, verleeft perpendikular zu der Strooss (Val du Scheid; CR234), déi vum Parking vum amerikaneschen Zaldotekierfecht aus a Richtung Sandweiler féiert.

D'Lanne vum Scheedhaff gehéieren, wéinst der imposanter Allee déi se bilden, zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg. De geneeën Alter vun der Allee, déi aus 69 Beem besteet, ass net bekannt. Et ass och net gewosst zu wellecher Aart si gehéieren (Summer- oder Wanterlannen).

D'Lannenallee gouf 2002 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg opgeholl.

Ëm 2000 gouf beim déckste Bam en Ëmfank op Broschthéicht vun 2,73 m an eng Gréisst vu 26 m gemooss.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 150, Text a Foto).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Richtung Strooss gekuckt

}