Lannen
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Bamgattung Lannen. Fir d'Uertschaft, kuckt wgl. Lannen (Réiden op der Atert). |
Tilia × europaea | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Iwwerofdeelung | Somplanzen |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Rosopsida |
Uerdnung | Malvales |
Famill | Malvaceae |
Ënnerfamill | Lannegewächser |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Tilia | |
L. | |
D'Lannen (Tilia) sinn eng Planzegattung an der Ënnerfamill vun den Tilioideae bannent der Famill vun de Malvaceae.
D'Lanne si Beem, déi am Wanter hir Blieder verléieren. Si wuesse sympodial a kënnen, jee no Aart, tëscht maximal 15 a 40 Meter héich ginn. Den décksten Duerchméisser variéiert, och jee no Aart, tëscht engem an 1,8 Meter. Lanne kënne bis zu dausend Joer al ginn.
Lanne kënne sech generativ (Bestäubung duerch Insekten) a vegetativ vermehren.
-
Blat vun enger Tilia × europaea
-
Tilia Bléi
-
Tilia Fruucht
Et gëtt, jee nodeems wéi gezielt gëtt, tëscht 20 bis 45 Aarte vu Lannen (wouvunner d'Hallschecht a China virkënnt). A Mëtteleuropa sinn et virun allem d'Summer- (Tilia platyphyllos) an d'Wanterlann (Tilia cordata), an eng Krâizung vun deenen zwou (Tilia × europaea), déi virkommen, am Osten och nach d'Sëlwerlann.
Lannenholz gëtt gär gebraucht fir ze schnëtzen an ze modelléieren.
Kulturgeschichtlech spillen d'Lannen an Europa eng wichteg Roll; bei de Germanen an de Slawen hu s'als hellege Bam gegollt. Dacks gouf et an den Dierfer eng al Lann op enger zentraler Plaz, wou verschidden Evenementer ofgehale goufen. Och gëtt et d'Traditioun, fir un en Evenement ze erënneren, eng Lann ze planzen. Zu Lëtzebuerg z. B. huet de Groussherzog Jean 1989, fir de 25. Joresdag vu senger Trounbesteigung, all Gemeng am Land e jonke Lannebam geschenkt. Déi sougenannt Fräiheetsbeem zu Lëtzebuerg ware meeschtens och Lannen.
Galerie vun eenzelen Aarten
[änneren | Quelltext änneren]-
Tilia heterophylla (syn. T. monticola)
Bemierkenswäert Lannen zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Lann zu Baastenduerf
- Napoléonslann zu Beefort
- Sëlwerlannen zu Bëttel
- Lann zu Biekerech
- Lannenallee Biergem
- Lannen zu Boukels
- Lann um Briddel
- Lann zu Bungeref
- Lann zu Déifferdeng
- Lannen zu Diänjen
- Lannen zu Esch-Sauer
- Lanne beim Fëschbecher Schlass
- Lann op der Giischterklaus
- Lannenallee um Gréiwelsser Haff
- Lann zu Hueschtert (Nidderaanwen)
- Lann zu Iechternach
- Lann zu Kënzeg
- Lann zu Klengbetten
- Willibrorduslannen zu Laaschent
- Lann zu Pëtschent
- Lannen um Pläitrengerhaff
- Lann zu Reiland
- Lannenallee um Scheedhaff
- Lannen zu Scheedel
- Lannen um Sennenger Schlass
- Lann zu Suessem
- Lannen zu Uewerfeelen
-
Wëll Lann vu Kënzeg (ier se zeréckgeschnidde gouf)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ya Tang, Michael G. Gilbert, Laurence J. Dorr: Tiliaceae. In: Flora of China, Volume 12, S. 246; Tilia.
- Walter Erhardt u. a.: Der große Zander. Enzyklopädie der Pflanzennamen. Band 2. Verlag Eugen Ulmer, Stuttgart 2008. ISBN 978-3-8001-5406-7
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Lannen – Biller, Videoen oder Audiodateien |