Lann um Briddel
Déi bemierkenswäert Lann um Briddel ass eng Summerlann (Tilia platyphyllos, tilleul à larges feuilles, Sommerlinde), déi an der Gafel vun der Paul Binsfeld-Strooss an der rue du tilleul steet. Si gehéiert wéinst hirem Alter, hirer imposanter Form, an der Plaz wou se steet (matzen an engem Wunnquartier) zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
De Bam huet eng bal perfekt Pyramideform, wat drop zréckzeféieren ass, datt de Stamm sech vun der Basis un, riicht erop bis an d'Spëtzt verlängert.
Den Alter vun der Lann gëtt op däitlech méi wéi 150 Joer geschat. Nieft dem Bam steet e Weekräiz vun 1817. D'Lann soll bei der Geleeënheet vum Ofdanke vum Napoleon I. geplanzt gi sinn (cf. Quell 2002).
1980 gouf en Ëmfang op Broschthéicht vun 3,86 m gemooss, bei enger Gréisst vun 22 m. Ëm 2000 waren et 3,90 m (Duerchmiesser: 1,25 m) bei enger Gréisst vu 26 m.
Geographesch Koordinaten: 49° 39’ 39.51’’ N 06° 04’ 56.79’’ O
Quellen[änneren | Quelltext änneren]
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. 120-121, Text a Foto).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 88-89, Foto an Text).
Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Zwéin aner bemierkenswäert Beem um Briddel:
- Affection, eng monumental Skulptur vum Lucien Wercollier um Square Marcel Goedert
- Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg