Eech um Briddel
Déi bemierkenswäert Eech um Briddel ass eng Wantereech (Quercus petraea), déi virum Haus Nr. 29 an der rue Nic Goedert steet, bei der Plaz déi no hir genannt ass (place du gros chêne).
D'Eech, där hiren Alter net dokumentéiert ass, gehéiert wéinst hirer imposanter Statur an der Plaz wou se steet, zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
D'Eech steet zirka 1 m méi déif wéi d'Strooss an den Trottoir. Si gouf 1981 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem gesat.
Den Ëmfank vum Stamm, op Broschthéicht gemooss, huet follgendermoossen zougeholl:
- 1980: 3,51 m
- ëm 2000: 4,01 m. Du gouf eng Héicht vu 24 m gemooss.
Quellen[änneren | Quelltext änneren]
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. Imprimerie centrale S.A. (Cf. d'Lëscht S. 237, keen Text a keng Foto vun der Eech an dësem Buch).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. d'Lëscht S. 47; keng Foto a keen Text fir dëse Bam heiran).
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Zwéin aner bemierkenswäert Beem um Briddel:
- d'Kifer an der rue Lucien Wercollier
- d'Lann an der rue du tilleul
- Déi dräi déckst Eechen zu Lëtzebuerg:
- Eech zu Heeschbreg
- Eech um Bicherhaff (Gemeng Stadbriedemes)
- Eech zu Sëll