Eech um Bicherhaff

Vu Wikipedia
D'Eech an d'Kapell um Bicherhaff. Lénks de Wee op de Scheierhaff.

D'Eech um Bicherhaff ass eng Summereech (Quercus robur; chêne pédonculé; Stieleiche) déi nieft enger Kapell um Bicherhaff steet, nieft der Strooss (CR147) déi vu Greiweldeng op Éiter féiert.

Den Alter vun der Eech gëtt[Wéini ?] op ronn 530 Joer geschat. D'Kapell ass aus dem Joer 1855.

Wéinst hirem Alter an och der Plaz wou se steet gehéiert dës Eech zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Den Ëmfank vum Stamm, op Broschthéicht gemooss, huet sech follgendermoossen entwéckelt:

  • 1907: 4,10 m
  • 1958: 5,40 m
  • 1980: 5,70 m bei enger Gréisst vu 16 m
  • Ëm 2000: 6,09 m bei enger Gréisst vun 18 m.

Domat ass dës Eech, no där vun Heeschbreg, déi zweetdéckst Eech zu Lëtzebuerg.

1980 gouf de Bam restauréiert. 2008 kann ee gesinn, datt d'Haaptäscht mat Stoleseeler geséchert sinn.

Geographesch Koordinaten: 49° 35’ 24.62’’ N 06° 18’ 57.84’’ O

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 58-59, Text a Fotoen).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 14-15, Foto an Text).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Déi dräi décksten Eechen zu Lëtzebuerg:
Eech zu Heeschbreg
Eech um Bicherhaff
Eech zu Kaalmes

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eech um Bicherhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien