Heeschbreg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft an der Gemeng Bech. Fir de Lieu-dit mam änlechen Numm an der Gemeng Bäerdref, kuckt wgl. Heeschbech.
Heeschbreg
Heeschbreg (2016)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Hersberg
de: Hersberg
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Bech
Buergermeeschter Jill Goeres
Awunner 90
  1. Januar 2021; 1. Januar 2023
Koordinaten 49° 45’ 24’’ N
      06° 19’ 41’’ O

Heeschbreg ass eng Uertschaft an der Gemeng Bech, déi virun allem duerch d'Heeschbreger Bildchen bekannt ass.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Heeschbreg läit nërdlech vun der Schanz, an engem klengen Dall, duerch dat den Heeschbreger Wee leeft. D'Haiser sinn net laanscht Strooss, mä riets a lénks dovun, zum Deel e bëssen den Hang erop.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Géigend ëm Heeschbreg war schonn an der Bronzezäit bewunnt: An den 1960er Jore gouf beim Heeschbreger Bildchen eng stengen Aaxt aus där Zäit fonnt[1].

Um Flouer Kaasselt (deen op dat Laténgescht castellum zeréckgeet) si Reschter vun enger bal 300 m laanger gallo-réimescher Befestegungsanlag ze fannen. Dës gouf warscheinlech am 3.-4. Joerhonnert gebaut, wéi d'Germaneniwwerfäll an der Géigend zougeholl hunn. 1976-1977 gouf dës archeologesch ënnersicht[2].

Op der Ferraris-Kaart vun ëm 1775 sinn zu Hirsbourg zwee méi grouss Häff an ee méi e klengt Wiesen ze gesinn. Op der Kadasterkaart vun 1819 sinn nieft der Kapell 5 Häff agedroen.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Heeschbreg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.150-151.
  2. Raymond Linden: "Eine römische Befestigungsanlage auf Hersberg "Kasselt"." In: Hémecht 1977/4, S.575-590.