Kapell Heeschbreg

Vu Wikipedia
Kapell zu Heeschbreg
Kapell vun Heeschbreg (2013)

Kapell vun Heeschbreg (2013)
Kapell vun Heeschbreg (2013)
Uertschaft / Plaz Heeschbreg
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Margréit
Koordinaten 49° 45’ 30.0’’ N
      06° 19’ 39.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Heeschbreg ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Bech gehéiert.

D'Patréinesch ass d'helleg Margréit, där hiert Fest den 20. Juli gefeiert gëtt.

D'Kapell steet zu Heeschbreg ganz am Norde vum Duerf an engem klenge Säitewee vun der Haaptstrooss, dem CR136.

Zur fréierer Par Hemstel hunn ausser der Kapell vun Heeschbreg och nach d'Parkierch vun Hemstel, d'Kierch vun Altréier, d'Kapell vu Rippeg an d'Kapell vun Zëtteg gehéiert.

De 26. Abrëll 2019 gouf d'Kapell, mat hirem Mobiliar an engem Weekräiz als nationaalt Monument klasséiert[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Heeschbreg – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kapell vun Heeschbreg aus südwestlecher Richtung gesinn

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).