Gemeng Bech
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Bech zu Lëtzebuerg. Fir de Politiker mam Numm Bech, kuckt wgl. Joseph Bech. |
Bech | |
---|---|
![]() | |
![]() d'Gemengenhaus (2006) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Bech de: Bech |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Buergermeeschter | Camille Kohn |
Awunner | 1.305 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 2.331 ha |
Héicht | 408 m |
Koordinaten |
49° 45’ 07’’ N 06° 21’ 46’’ O |
Websäit | http://www.bech.lu/ |
D'Gemeng Bech (orange) am Kanton Iechternach (rout) | |
D'Gemeng Bech ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Iechternach. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Bech vun där se och hiren Numm huet.
Uertschaften an der Gemeng[1][änneren | Quelltext änneren]
|
|
Zur Gemeng gehéieren nach follgend Häff oder Lieu-diten:
- Zëtteger Millen (Zittig-Moulin)
- Kräizenhéicht
- Marscherwald
Geographie[änneren | Quelltext änneren]
D'Schichtstuf vum Lëtzebuerger Sandsteen verleeft queesch duerch d'Gemeng: D'Uertschafte Kräizenhéicht, Heeschbreg, Kuebebuer an d'Schanz leien um Plateau, iwwerdeems Rippeg, Zëtteg, Hemstel a Bech um Fouss dovu leien. D'Schanz ass, mat 400 m deen héchste Punkt an der Géigend. Grolënster, de Blummendall an de Marscherwald leien um westleche Wupp vun der Gemeng.
Duerch d'Gemeng leeft d'Nationalstrooss 11 (E29) vun der Stad Lëtzebuerg op Iechternach.
D'Streck vun der fréierer Vizinalbunn Chareli ass um Fouss vun der Schichtstuf verlaf, an hat tëscht 1904 an 1954 Arrêten zu Rippeg, Hemstel, Zëtteg a Bech. En Tunnel dovun ass haut nach erhalen, a gëtt, wéi d'fréier Eisebunnsstreck, vun der Vëlospist PC2 benotzt. An der fréierer Becher Gare ass haut e Restaurant.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
D'Gemeng Bech ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regime entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung als Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Administratiounseenheeten erhale bliwwen.
Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC
Wopen[änneren | Quelltext änneren]
Beschreiwung am Originaltext: D'argent à la croix ancrée de sable, au chef de gueules chargé d'un lambel à l'ancienne de cinq pendants d'argent.
Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]
- J. Lenertz 1826 bis 1847
- Fr. Lies 1849 bis 1859
- P. Lenertz 1861 bis 1894
- P. Lenertz 1897 bis 1923
- Nic Weyland 1924 bis ?
- Michel Prommenschenkel 1934 bis ?
- Francois Bisenius. 1946 bis 1963
- Emil Bohnenberger 1964 bis
- Robert Lenertz.
- Marcel Niederweis, bis 2005
- Marc Pitzen, vun 2005 bis 2008
- Edmond Schintgen, vun 2009 bis 2011
- Camille Kohn, zanter 2011
Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]
Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]
D'Gemeng Bech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Jokesbierg
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Bech
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Bech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.