Jill Goeres
Ausgesinn
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Jill Goeres | |
|---|---|
| Gebuer | 2002 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politikerin, Beienziichterin, Studentin |
| Fonctioun | Buergermeeschtesch vu Bech |
|
| |
D'Jill Goeres, gebuer 2002, ass eng lëtzebuergesch Studentin an Erzéiungswëssenschaften a Lokalpolitikerin.
Si gouf bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 mat de meeschte Stëmmen an de Gemengerot vun der Gemeng Bech gewielt, wou se d'Fonctioun vun der Buergermeeschtesch iwwerholl huet.[1][2]
Mat 20 Joer war si dunn déi jéngst Buergermeeschtesch zu Lëtzebuerg, an déi jéngst Persoun iwwerhaapt, déi zu Lëtzebuerg jee sou eng Fonctioun hat.[3]
Enn 2025 krut de Schäfferot duerch de Vott vun enger Motion de censure d'Vertrauen entzunn an d'Jill Goeres ass als Buergermeeschtesch zeréckgetrueden.[4] Zanter dem 6. Februar 2026 ass de Max Pesch neie Buergermeeschter vu Bech[5].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "La plus jeune bourgmestre du Luxembourg: «C'est le genre de fonction qui fait grandir»." virgule.lu, 13.06.2023.
- ↑ (fr) Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (04.07.2023). Gekuckt de 04.07.2023.
- ↑ "Jill Goeres gëtt déi jéngst Buergermeeschtesch zu Lëtzebuerg." 100komma7.lu, 27. Juni 2023.
- ↑ Marc Hoscheid: "Bannent enger Stonn goufen zwou CSV-Buergermeeschteschen ofgesat." rtl.lu, 29.12.2025.
- ↑ (fr) Assermentation aux fonctions de bourgmestre et échevin des communes de Bech, Bettembourg et Esch-sur-Sûre. maint.gouvernement.lu (06.02.2026). Gekuckt den 08.02.2026.
