Gemeng Beefort
| Gemeng Beefort | |
|---|---|
|
| |
|
d'Märei vu Beefort (2006) | |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Beaufort de: Befort |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Kanton Iechternach |
| Chef-lieu | Beefort |
| Buergermeeschter | Jean-Luc Nosbusch |
| Awunner | 3.044 |
| 1. Januar 2024 | |
| Fläch | 1.374 ha |
| Héicht | 357 m |
| Koordinaten |
49° 50’ 08’’ N 06° 17’ 26’’ O |
| LAU-Code | LU1001 |
| Websäit | http://www.beaufort.lu/ |
|
| |
|
| |
D'Gemeng Beefort ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Iechternach. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Beefort vun där se och hiren Numm huet.
Beefort ass eng vun den historesche Gemengen, déi am Ufank vum 19. Joerhonnert gegrënnt goufen[1].
Uertschaften an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- Beefort
- Déiljen
- Grondhaff (déi lénks Säit vun der Schwaarzer Iernz)
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Beefort läit am Nordoste vum Land am Kanton Iechternach an ass ëmgi vun de Gemenge Reisduerf am Norden, Bäerdref am Osten, Waldbëlleg am Süden an Ärenzdall am Westen.
Beefort ass en Deel vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Gemengerot
[änneren | Quelltext änneren]Beefort war bis d'Gemengewalen 2017 eng Majorzgemeng. Bei deene vum 11. Juni 2023 gouf de Gemengerot eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt.
Nodeems an der Folleg vun de Wale vun 2023 e Recours ageluecht gouf, well ee Kandidat géint d'Residenzklausel vum Walgesetz verstouss hat[2], goufen d'Wale vun der Cour administrative annuléiert an den 8. Oktober 2023 huet deemno an der Gemeng nei gestëmmt misse ginn.[3][4]. De Jean-Luc Nosbusch (Är Lett) gouf doropshi Buergermeeschter, an de Bruno Domingues Grilo an d'Lynn Mossong (béid Biergerlëscht) Schäffen.[5]
Resultater
| Joer | Lett* | BL* |
|---|---|---|
| 2023 | 7 | 4 |
*Lett = Är Lett; BL = Biergerlëscht Beefort Déiljen Grondhaff
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]| vu(n) | bis | Buergermeeschter |
|---|---|---|
| 1795 | 1814 | Jean Goerges Even |
| 1815 | 1819 | Jean Cigrang |
| 1820 | 1830 | Charles Even sen. |
| 1830 | 1842 | Michel Eiffes |
| 1843 | 1849 | Conrad Cigrang |
| 1849 | 1866 | Charles Even jun. |
| 1866 | 1886 | J. P. Even |
| 1886 | 1909 | Henri Even |
| 1909 | 1929 | Joseph Linkels |
| 1930 | 1938 | Bernhard Bollig |
| 1938 | 1944 | Jean Conter |
| 1944 | 1945 | Eugène Bollig |
| 1946 | 1947 | Henri Kramp |
| 1947 | 1963 | Alex Dostert |
| 1964 | 1987 | Léon Bartimes |
| ... | ... | |
| ... | 2023 | Camille Hoffmann |
| zanter 2023 |
Jean-Luc Nosbusch |
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]
Quell:STATEC
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]| Beschreiwung am Originaltext[7] D'or à la tour ouverte, crénelée de cinq pièces de gueules, maçonnée de sable, au chef de gueules chargé d'un lambel à cinq pendants d'argent. |


Beefort war fréier eng wichteg Seigneurie, där hir Hären, Nokommen vun deene vu Wolz (d'or au chef de gueules, Figur 1) e Wopen d'or au chef de gueules brisé d'un lambel de cing pendants à l'ancienne d'argent (Figur 2) gedroen hunn.
Méi spéit gouf den ale Lambel heiansdo mat engem mat moderne Formen ersat. Dës lescht Versioun gouf iwwer vill Joren inoffiziell vun der Gemeng benotzt. 1986 huet d'Gemeng probéiert, dee Wopen offiziell unerkannt ze kréien. D'heraldesch Kommissioun huet festgestallt, datt – souwuel aus heraldesche wéi och aus juristesche Grënn – déi al Herrschaftswopen net einfach sou benotzt konnte ginn an dowéinst ass de Wopen, deen uewe beschriwwen ass, geschaf ginn.[1]
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]
- D'Klaischen-Kapell steet op der Lëscht vun de Monuments classés zanter Juli 1968.
- D'Buerg Beefort (12. - 16. Joerhonnert) steet op der Lëscht vun de Monuments classés zanter dem 16. September 1968.
- D'Äispist vu Beefort ass den 8. November 1969 ageweit ginn.[8]
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Beefort ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Gemengeblietchen
[änneren | Quelltext änneren]Bis 2005 huet d'Gemengeblietchen De Beforter geheescht. Duerno De Beeforter.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Beefort – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Beefort
- D'Gemeng Beefort op der Websäit vum Syvicol
- D'Gare zu Beefort um www.rail.lu
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- 1 2 Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 31 (fr).
- ↑ Art. 192 – Pour être éligible, il faut: (…) 4° avoir sa résidence habituelle depuis six mois dans la commune lors du dépôt de sa candidature, c'est-à-dire y habiter d'ordinaire.
- ↑ (lb) Residenzklausel mëssuecht: Zu Beefort gëtt den 8. Oktober nei gewielt. www.rtl.lu (04.07.2023). Gekuckt de 06.07.2023.
- ↑ (fr) Communiqué de presse de la Cour administrative en relation avec les élections communales à Beaufort. justice.public.lu. justice.public.lu (04.07.2023). Gekuckt den 09.07.2023.
- ↑ Volker Bingenheimer: "Jean-Luc Nosbusch wird Bürgermeister von Befort." wort.lu [w+] 11.10.2023.
- ↑ Quell: 75me anniversaire Fanfare de Beaufort [Luxembourg, 1966], S. 150
- ↑ (fr) Armoiries. Beaufort (30.11.2022). Gekuckt den 13.05.2023.
- ↑ Robert Philippart, Kurze Entstehungsgeschichte der Kunsteisbahnen in Luxemburg, nos cahiers, Nr. 4, 2024, S. 97-122
