Grondhaff

Vu Wikipedia
Grondhaff
Den Hotel um Grondhaff
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Grundhof
de: Grundhof
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Bäerdref
Beefort
Buergermeeschter Joé Nilles
Jean-Luc Nosbusch
Awunner 95
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Koordinaten 49° 50’ 08’’ N
      06° 19’ 47’’ O

Grondhaff ass eng Uertschaft an de Gemenge Bäerdref a Beefort. D'Lännereien déi lénks vun der Schwaarzer Iernz leie gehéieren zu Beefort, déi riets dovun zu Bäerdref.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Grondhaff (172 m iNN) läit ënnen am Dall un der Sauer tëscht den Uertschaften Déiljen a Bollenduerfer Bréck do wou d'Schwaarz Iernz an d'Sauer leeft. Südlech grenzt en un Vugelsmillen a läit domat an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz, déi Deel vum Däitsch-Lëtzebuergeschen Naturpark ass.

Op den éischte 400 m vum CR121 vun der Kräizung vun der N10 aus gesinn leien 3 Haiser, en Hotel, eng Garage an nach ee Gebai um Territoire vun der Gemeng Bäerdref. Bis dohi stéisst d'Schwaarz Iernz déi d'Grenz tëscht de Gemenge Beefort a Bäerdref mécht un den CR121. De Rescht vun der Uertschaft läit op der lénkser Säit vun der Iernz mat Ausnam vun e puer Gebaier am Oste vum Haff, deen aus der aler Schmelz entstanen ass, an déi erëm op der rietser Säit vun der Iernz leien.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Grondhaff ëm 1905.

Et gëtt ugeholl, datt um Grondhaff bei der Michelskierch gallo-réimesch Ruine waren, sou soll de Véiergëttersteen an der Kierch zu Bäerdref vun hei kommen.

Am fréie Mëttelalter stoung um Grondhaff eng Kierch genannt "Michelskirch", déi dem hellege Michael geweit war. Ursprénglech war se de reliéisen Zentrum vun der Geigend, mä wéi d'Filialkierche Konsdref, Wallenduerf a Bäerdref selbststänneg goufen, huet se u Bedeitung verluer an ass d'Kapell vun engem Einsiidler ginn, déi dunn an der 2. Hallschent vum 19. Joerhonnert verschwonnen ass.

Haut erënnert nach just de Flouernumm dorun, an op der Plaz steet e stengent Kräiz dat 1939 vun der Famill de Schorlemer opgeriicht gouf. Um Kräiz ass d'Opschrëft "IN HOC SIGNO VINCES - an dësem Zeeche wäers de gewannen!" an "AD HONORAM SANCTI WILLIBRORDI QUI HOC LOCO PRIMUM ALTARE HUJUS PAGI ERREXIT AD MDCCCCXXXIX - zu Éiere vum hellege Willibrord, deen op dëser Plaz den éischten Altor vun dësem Duerf opgeriicht huet, A.D. 1939".

Koordinate vum Kräiz: 49° 49’ 53.47’’ N 06° 20’ 00.12’’ O

Den Haff Grondhaff gouf 1610 am Zesummenhang mat sengem Proprietär "Jehan" fir d'éischt genannt. Vu 1655 un, soll den Haff net méi bewirtschaft gi sinn, duerno huet en zur Herrschaft Heringen a Beefort gehéiert.

1774 huet de Pierre Coumont, en Duchhändler a Colonel vun de Grenadiers Wallons, vun Hodimont bei Verviers d'Grofschaft Beefort an d'Herrschaft Heringen kaf, 1775 huet en um Grondhaff eng Schmelz mat 2 Héichiewen an enger Schmëdd gebaut. 1778 huet en den Augustin Rongvaux als Verwalter ugestallt. 1779, no Streidereie mam Rongvaux, huet en d'Schmelz un de Francois-Joseph-Hubert de Donnea, Här vun Hamoir an Xhignesse, a Chanoine vun der Collégiale Saint-Jean-en-l'isle vu Léck, verpacht. D'Famill de Donnea war déizäit an der Lécker Géigend staark am Eisenhandel aktiv, an ee vun hire bekanntsten Nokommen, ass de François-Xavier de Donnea, belsche Minister a fréiere Buergermeeschter vu Bréissel.

De Coumont huet um Grondhaff an a senger Schmelz zu Haler haaptsächlech Kanoune gegoss, déi an England exportéiert goufen. Hien hat allerdéngs vill Scholden an huet säi Betrib 1788 grad sou wéi duerno d'Beeforter Schlass, un de Jean Théodore Baron de Tornaco vu Vervoz verkaaft. 1820 huet de Grof Hyacinthe de Liederkerke vu Maastricht, en Ierwe vum Tornaco, se kritt.

1848 ass d'Schmelz zougemaach ginn, nodeem se 1845 vum Auguste Metz gepacht gi war. Dunn ass den Haff an de Besëtz vum Grof de Villers komm (de Grof Charles-Victor-Camille de Villers war de Mann vun der Gräfin Alphonsine Charlotte de Liederkerke-Beaufort). Haut gehéiert den Haff dem Baron Hubert de Schorlemer.

Beim Grondhaff waren 3 Millen:

De 4. November 1904 ass d'Zuchstreck Grondhaff-Déiljen-Beefort a Betrib geholl ginn. Bis den 2. Mee 1948 huet si iwwer ongeféier 7 km an enger Faart vun 30 Minutte Beefort mam Grondhaff verbonnen. Fir de Bierg op Beefort erop ze kommen, huet den Zuch missen am Zickzack vijenzeg an hannerzeg fueren. Um Grondhaff hat déi Linn Korrespondenz mat der Normalspuer (PH/CFL) Ettelbréck-Waasserbëlleg (Sauerlinn).

Direkt nieft der Schmuelspuerstreck am Ausgank vum Grondhaff fir op Déiljen louch d'Zillefabrik Silico S.A. Si huet vun 1921 u mat 18 bis 20 Leit deeglech 12.000 Zille produzéiert.

Net weit vum Silico ass de 16. Juli 2010 d'Naturschutzgebitt Saueruecht ageweit ginn.

D'Schwaarz Iernz, déi an d'Sauer leeft

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Grondhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]