Diskussioun:Grondhaff

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Souwäit mir bekannt ass, huet de Marcus Recht, datt déi eng Säit vun der Scharzer Ernz der Gemeng Bäerdref an déi aner zu Beefort gehéiert. --Tomateus 16:22, 16 August 2005 (UTC)

Moie Marcus,

Mer haten eis schonns eng Kéier domat: Iergendwous ass eng falsch Quell, déi de Grondhaff irtimlech zu Beefort rechent. Kuck um Site vun der Bërdrefer Gemeng no: http://www.berdorf.lu - déi missten et jo bal wëssen!

ciao, --Zinneke 13:51, 16 August 2005 (UTC)

op der Säit http://www.beaufort.lu steet datt de Grondhaff an Dillingen zu Befort gehéieren (et steet also elo 1:1), desweideren verbrengen ech am Summer alt eng Woch an engem Weekendhaus do an wees datt et d'Gemeng Befort déi sech em d'Kiwwelen etc këmmert. Et kéint awer sinn datt déi Haiser déi op der lenker Säit vun der der schwarzer Ernz léien zu Befort an déi op der rietser zu Bäerdref gehéieren?? —Marcus 14:21, 16 August 2005 (UTC)

A well et esou interessant ass[Quelltext änneren]

Wann ech am "Annuaire officiel - 2000 - Vol 1 kucken:

  • Grundhof - Berdorf
  • Grundhof, anc. forge - Beaufort
  • Grundhof-Château - Waldbillig
  • Grundhof-Dillingen - Beaufort

Mär kënnt et vir, datt op der Websäit vun der Beforter Gemeng de "Bindestréch" tëscht Grundhof an Dillingen feelt. --Cornischong 16:47, 16 August 2005 (UTC)

Ech hun laang do gewunnt an et sin effektif 3 Gemengen: Beefort, Bäerdrëff an Waldbëlleg JMF

Klak et einfach emol dran ....[Quelltext änneren]

"Am 19. Joerhonnert war um Grondhaff eng Géisserei, déi ënner anerem och Kanoune produzéiert huet." D¨se Saz gouf "einfach emol esou" an den Artikel gesat. Bei sou explosive Saachen hätte mer mol gär eng Quell. --Cornischong 16:17, 13. Dez 2007 (UTC)


Den Hyacinthe de Liederkercke[Quelltext änneren]

Bis elo hunn ech neirens eppes iwwer den Hyacinthe fonnt.

Par Conter den Alexandre de LIEDEKERKE-BEAUFORT war mat dem De Tornaco sengem Meedchen Félicité bestuet, déi iwwregens d'Sëschter vum Charles-Auguste de Tornaco, dem Papp vum Victor de Tornaco war.

Ech gesinn do éischter den Zesummenhank vun der Ierfschaft.

Les Meloures 21:19, 7. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

"Comte Hyacinthe de Liedekercke de Maastricht, époux de Mlle de Tornacco" ass op www. industrie.lu ze liesen.--Fliedermaus 08:39, 8. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

Dat hat ech och gesinn, an do läit eben d'Kromm an der Heck. Dem de Tornaco säi Meecche war der Genealogie vun den DE TORNACO no, mat Alexandre de LIEDEKERKE-BEAUFORT bestuet (Liedekerke ouni CK), wat och mat der Genealogie vun de Grofe Liedekerke a Garve iwwereneestëmmt. Déi selwecht Liedekerke waren duerno Propriétaire vum Schlass vu Beefort. Vläicht fanne mer nach eraus wou se bestuet goufen oder wou se begruewe leien. Et kéint sinn datt se an der Kypta vun der Kapell vu Vervoz leien. Soubal wéi ech eng Kéier do laanscht kommen, ginn ech emol kucken.


Les Meloures 08:56, 8. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Fro zum Kräiz[Quelltext änneren]

Steet dat Kräiz an der Uertschaft, oder iergendwou op der Gewan?

Les Meloures 08:32, 8. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

D'Kräiz steet op der Bärdorfer Säit vum Grondhaff, wann en vum Haff vum Baron de Schorlemer den riichten Réimerwee Richtung Bärdorf eropget, bei der eischter Gabelung vum Wee. (Et gesäit en et och vun der Strooss aus)

Ali1978 12:07, 8. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]