Schwaarz Iernz

Vu Wikipedia
Schwaarz Iernz
D'Schwaarz Iernz beim Schéissendëmpel
An anere Sproochen fr: Ernz Noire
de: Schwarze Ernz
Längt 20,6 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Zesummefloss vun
Iernsterbaach a Kriibsebaach
Plaz südëstlech vu Gonnereng
Héicht 316,6 m
Koordinaten 49° 41’ 30.5’’ N
      6° 15’ 05.6’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Sauer
Plaz Grondhaff
Héicht 170 m
Koordinaten 49° 50’ 09.8’’ N
      06° 19’ 47.4’’ O
Haaptnieweflëss Halerbaach, Bëlleger Baach, Konsdreferbaach
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Gonnereng, Jonglënster

D'Schwaarz Iernz (lokal: Schwaarz Erenz, Schwaarz Ernz[1]), och Schwaarz Ärenz[2] genannt, ass eng Baach zu Lëtzebuerg.

Si entsteet aus dem Zesummelaf vun der Iernsterbaach an der Kriibsebaach um Flouer An den Aessen südlech vu Gonnereng.

Vun do aus leeft se Richtung Norden laanscht Gonnereng, Jonglënster, Blummendall, Mëllerdall a Grondhaff, wou s'an d'Sauer leeft.

An hirem Ënnerlaf fléisst se duerch d'Kleng Lëtzebuerger Schwäiz, wou se de Schéissendëmpel, eng "rustikal" Bréck mat engem klenge Waasserfall drënner, forméiert.

D'Schwaarz Iernz zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt vun iwwer 70 km² hunn.[3]

Niewebaachen[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schwaarz Iernz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Gearchiveerd op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  2. wéi am Numm vun der Gemeng „Ärenzdall“
  3. www.geoportail.lu, déi offiziell Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie