Ruelzbech

Vu Wikipedia
Ruelzbech
Längt 1.200 m
Hydrographesche
Baseng
SauerMuselRhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Bäerdref
Héicht 352
Koordinaten 49° 49’ 30.3’’ N
      06° 20’ 42.6’’ O
Konfluenz
Leeft an Schwaarz Iernz
Plaz tëscht Vugelsmillen
a Grondhaff
Héicht 176
Koordinaten 49° 49’ 35.8’’ N
      06° 19’ 45.9’’ O
Haaptnieweflëss keng
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Bäerdref

D'Ruelzbech (och alt als Ruetzbech oder ënner dem ale Kadasternumm Roitzbach ze fannen) ass eng kleng Baach um Territoire vun der Gemeng Bäerdref. Si huet hir Quell op enger Héicht vun 352 Meter nordwestlech vu Bäerdref net wäit ewech vum Kierfecht.

Se leeft vun do aus de ganzen Zäit duerch eng Griecht no Westen, südlech laanscht de Ruelzbech-Plateau mam Camping an Erhuerlungszentrum Maartbësch, fir um hallwe Wee tëscht dem Grondhaff an der Vugelsmillen op enger Héicht vun 176 Meter an d'Schwaarz Iernz ze lafen.

Um Bord vun dësem Plateau féiere schmuel Pied, deelweis iwwer Leederen, duerch e Labyrinth vu Schlëff (Diaklasen) tëscht de Sandsteefielsen. Ee vun deene Schlëff (deen net zougänglech ass) ass d'Habitat vun enger seelener Far-Aart (Hymenophyllum tunbrigense), där gréisster Populatioun vun där Aart um europäesche Kontinent.

D'Baach ass ronn 1.200 Meter laang.