Xhignesse
Ausgesinn
Xhignesse | |
---|---|
D'romanesch Kierch | |
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Huy |
Gemeng | Hamoir |
Koordinaten |
50° 26’ 10’’ N 05° 32’ 39’’ O |
Telefonszon | 086 |
Postcode | 4180 |
Xhignesse (ausgeschwat:Hignesse) ass eng Uertschaft an der Gemeng Hamoir an der Provënz Léck.
Grënnung vun der Uertschaft gëtt der Plektrud, der Fra vum Pippin vun Herstal zougeschriwwen, déi do der Abtei Stavelot-Malmedy en Terrain geschenkt hat fir eng Gebietsplaz anzeriichten. Spéider gouf op där Plaz déi haiteg Péiterskierch opgeriicht.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- D'Kierch aus dem 12. Joerhonnert
- D'Kapell Saint-Anne
- Op der Grenz mat Ferrières steet d'Croix du Curé, e stengent Kräiz dat drun erënnert datt do de Paschtouer Deleau vun den dräi Renard-Bridder ëmbruecht gouf.
Perséinlechkeeten aus der Uertschaft
[änneren | Quelltext änneren]- Gilles Del Cour, Moler.
- Jean Del Cour, Sculpteur.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Xhignesse – Biller, Videoen oder Audiodateien |