Hemstel

Vu Wikipedia
Hemstel
Vue op Hemstel.
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Hemstal
de: Hemstal
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Bech
Buergermeeschter Jill Goeres
Awunner 113
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Koordinaten 49° 44’ 25’’ N
      06° 20’ 08’’ O
De Veräinsbau, um Zousazinventaire vun de klasséierte Monumeter.

Hemstel ass eng Uertschaft an der Gemeng Bech. Se läit um CR129, tëscht Beidler an Zëtteg, op enger Héicht vun ca. 280 m iwwer N.NB.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Eng éischt Kéier gouf Hemstel an enger Charte aus dem Joer 894 ënner dem Numm Hemmeingestal ernimmt.[1] Den Numm geet warscheinlech zeréck op eng fränkesch Famill vun engem gewëssen Hemming, déi sech do installéiert hat. 895 gouf et un d'Klouschter Iechternach verschenkt, an 953 goung et an de Besëtz vum Klouschter Oeren iwwer, zu deem et bis zum Enn vum 18. Joerhonnert gehéiert huet. 1393 gouf den Numm Hemstal fir d'éischt dokumentéiert. Op der Ferraris-Kaart vun ëm 1775 ass Hemstall als eng kleng Uertschaft mat enger 3 Haiser an e puer anere Gebaier agedroen. D'Kadasterkaart vun 1824 weist, datt an deene 50 Joer dertëscht eng ganz Rëtsch Haiser an der Duerfstrooss, an och verspreet ronderëm, bäikomm sinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Joseph Heinz: "Hemstal - eine kleine Pfarrei mit interessanter Geschichte" in: Lëtzebuerger Sonndesblat Nr 10, 3. Mäerz 1980, S.4-5.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hemstel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.141.