Kierch Hemstel

Vu Wikipedia
Kierch vun Hemstel
Kierch vun Hemstel (2013)

Kierch vun Hemstel (2013)
Kierch vun Hemstel (2013)
Uertschaft / Plaz Hemstel
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Brictius
Koordinaten 49° 44’ 23.0’’ N
      06° 20’ 04.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vun Hemstel ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Bech gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Brictius, deem säi Fest den 13. November gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vum CR129 (Op der Letsch an Am Duerf) mat dem CR136 (Op der Jaich). Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Hemstel hunn ausser der Parkierch vun Hemstel och nach d'Filialkierch vun Altréier, d'Kapell vun Heeschbreg, d'Kapell vu Rippeg an d'Kapell vun Zëtteg gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Kierch ass 1855 gebaut ginn a gouf den 29. Juni 1878 konsekréiert.

Am Joer 1975 gouf d'Hemsteler Kierch restauréiert. De Buedembelag an d'Tuermauer goufen ersat, de Banneraum nei ugestrach an d'Klackegelauts gouf op elektresch Steierung ëmgestallt. Den 20. Abrëll 1975 gouf den neien Altor geweit.

De 6. September 2019 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Hemstel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).