Op den Inhalt sprangen

Nikloskapell vun Zëtteg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kapell Zëtteg)
Kapell vun Zëtteg
Kapell vun Zëtteg (2013)

Kapell vun Zëtteg (2013)
Kapell vun Zëtteg (2013)
Uertschaft / Plaz Zëtteg
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Niklos
Koordinaten 49° 44’ 40.6’’ N
      06° 20’ 36.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Nikloskapell vun Zëtteg ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Bech gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Niklos deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.

Se steet zentral am Duerf an der Duerfstrooss.

De 24. Oktober 2017 gouf d'Kapell op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Zur fréierer Par Hemstel hunn ausser der Kapell vun Zëtteg och nach d'Parkierch vun Hemstel, d'Filialkierch vun Altréier, d'Kapell vun Heeschbreg an d'Kapell vu Rippeg gehéiert.

Zu Zëtteg gouf d'selwecht wéi zu Rippeg schonn 1570 eng Kapell ernimmt. Déi haiteg Kapell gouf am Ufank vum 18. Joerhonnert nei gebaut.

Commons: Nikloskapell vun Zëtteg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).