Eech zu Kaalmes


D'Eech zu Kaalmes, déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert, ass eng Summereech (Quercus robur; chêne pédonculé; Stieleiche) déi am Ausgank vum Duerf, nieft der gefaasster Quell Béik (och Béick geschriwwen) steet.
D'Eech fënnt ee wann een, vu Sëll hier, zu Kaalmes déi éischt Strooss no lénks, duerno, am Ausgank vum Duerf, de Wee no riets hëlt.
Den Alter vun dëser wéineg bekannter Eech gëtt op ronn 300 Joer geschat. Zur Säit vum Duerf hin ass de Stamm vum Buedem un, bis iwwer den éischten Aascht eraus opgerass.
1980 gouf e Ëmfank op Broschthéicht vu 4,60 m gemooss. Ëm 2000 waren et 5,84 m (Duerchmiesser: 1,87 m) bei enger Héicht vu 25 m.
Dem Ëmfank no ass dëse Bam déi drëttdéckst Eech, an den aachtdéckste Bam zu Lëtzebuerg (cf. Quell 2002).
Beim Fouss vun der Eech entspréngt eng gefaasste Quell (Quell Béik), déi pro Dag ronn 1000 m3 Waasser ausschëtt, dat vun hei aus an den Drénkwaasser-Réservoir um Ditzebierg gepompelt gëtt. Zanter 1947 gehéiert dës Quell, mat der Eech, dem Waassersyndikat DEA. Ufanks der 1980er Joren huet de Syndikat d'Faassung vun der Quell komplett erneiert an eng Schutzzon ronderëm ugeluecht.
Dës Eech gouf 1981 fir d'éischt als bemierkenswäerte Bam gefouert.
Geographesch Koordinaten: 49° 43’ 29.64’’ N 05° 58’ 00.30’’ O
Quellen[änneren | Quelltext änneren]
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Eech zu Kaalmes: S. 26-27, Text a Foto).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 22-23, Foto an Text).
Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]
-
Op béid Säite vum Wee: d'Quelleschutzzon (Abrëll 2009)
-
En Deel vum Duerf vun der Eech aus gesinn
-
De Stamm vun der Eech
-
Opfälleg Schuelemuster
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Aner bemiwekenswäert Beem an der Gemeng Sëll:
- Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Websäit vum Syndicat de distribution d'eau des Ardennes (DEA)