Dräidar zu Iener

Vu Wikipedia
Dräidar zu Iener
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Sëll
Plaz Iener
Koordinaten 49°42'55,12"N, 5°56'50,57"O
Bamaart Dräidar
Héicht 6 m (2000)
Duerchmiesser 0,46 m (2000)
Ëmfang 1,44 m (2000)
De Rhamnus cathartica an enger Wiss zu Iener.
De Bam huet sech ëmgeluecht, wiisst awer, nodeem e gestäipt gouf, weider.

De bemierkenswäerten Dräidar zu Iener ass e Rhamnus cathartica (Nerprun purgatif, Purgier-Kreuzdorn) a steet an enger Wiss vis-à-vis vum Haus Nr. 2 am Häwee, deen op Simmer féiert.

Dëse Bam gehéiert, als eenzege vu senger Aart am Land, wéinst senger Raritéit a sengem Alter zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

  • De Bam steet am fréiere Gaart vum Bauerenhaff op der anerer Säit vun der Strooss (Maison 2). Vum Gaart sinn nëmme méi Iwwerreschter vun de Gaardemauren erhale bliwwen.
  • Enn vun de 1990er Joren huet de Bam sech, warscheinlech aus Altersgrënn, no an no ëmgeluecht. Fir säin Iwwerliewen ze sécheren, gouf en du mat engem Gestell aus Eisen, an och mat Bëtongsbléck an Zillen, gestäipt. Fir ze verhënneren datt e vun de Béischten an der Wiss beschiedegt gëtt, gouf e mat engem Zonk aus Holz ofgeschiermt.[1]
  • Ëm 2000 gouf e Stammëmfang op Broschthéicht vun 1,44 m (Diameter: 0,46 m) bei enger Gréisst vu 6 m gemooss.
  • 2002 gouf dëse Bam op déi offiziell Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem gesat.
  • 2009 krut de Pol Weirich, Proprietär, d'Natura-Plackett 2008 fir d'Erhale vum fréiere Gaart mam Dräidar zu Iener.[2]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Tabell S. 245, ausser de Moosse keng Beschreiwung a keng Foto vum Bam heiran).
  • Klees, Henri, 1972. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur Luxemburgischen Sprach-und Volkskunde Nr. VIII. Institut grand-ducal, section de linguistique, de folklore et de toponymie. Dréckerei Kremer-Müller & Cie, Esch-Uelzecht. 187 S. (Cf. S. 61).

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dräidar zu Iener – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Un der Erhalung vum Bam waren e sëllege Leit bedeelegt: de Proprietär, de Sicona Westen, an eng Rëtsch privat Bamamateuren (Renseignementer vum Proprietär vum Bam an engem Bamspezialist, deen un der Restauratioun bedeelegt war; Abrëll 2009).
  2. Heckefräsch, Nr. 102, Juni 2009, S. 4.