Kapell Iener
Ausgesinn
| ||||
|---|---|---|---|---|
Kapell vun Iener (2013) | ||||
| Uertschaft / Plaz | Iener | |||
| Par | Äischdall-Helpert Saint-Willibrord | |||
| Dekanat | Zentrum | |||
| Numm / Patréiner | Hl. Remakel | |||
| Konsekratioun | 1910 | |||
| Desakraliséiert | 2020 | |||
| Baujoer | 1866 | |||
| Koordinaten | 49° 43’ 0.9’’ N 05° 56’ 53.3’’ O | |||
| Kierchen - Kapellen | ||||
D'Kapell zu Iener war eng kathoulesch Kapell, déi virum 7. Mee 2017 zur Par Simmer gehéiert huet, an dono, bis zu hirer Entweiung 2020[1], zur neigegrënnter Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord, am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Sëll.
De Patréiner war den hellege Remakel, deem säi Fest den 3. September gefeiert gëtt.
Se steet op der Kräizung vum CR301 mam Häwee. De 14. Februar 2024 gouf s'als national Architekturierfschaft klasséiert.[2]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Kapell staamt aus dem Joer 1866. Se gouf vun den Awunner vun der Uertschaft bezuelt. An de Joren 1990-1991 gouf se restauréiert an am Joer 2005 ass d'Fassad erneiert ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kapell Iener – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- D'Kapell am Joer 2008
- D'Kapell vu Südweste gesinn
- Banneraum
- Den neogoteschen Altor
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Äerzbëscheeflechen Dekreet vum 09.01.2020
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).
