Stilleech

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stilleech
Stilleech
Stilleech
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Ofdeelung: Bléieplanzen
Klass: Magnoliopsida
Uerdnung: Fagales
Famill: Bicheplanzen
Gattung: Eechen
Aart: Stilleech
Wëssenschaftlechen Numm
Quercus robur
Linnaeus

D'Summereech oder Stilleech, Quercus robur L. ass eng Lafbam-Aart aus der Gattung vun den Eechen (Quercus) an der Famill vun de Bicheplanzen (Fagaceae).

Et ass déi Eechen-Aart, déi a Mëtteleuropa am wäitste verbreet ass.

D'Eechen hu sech an der Zäit vum Boreal vum Mëttelmier, bis zum Atlantik ausgebreet, an am Norde sinn se bis no Südskandinavien komm. D'Stilleech kënnt am Oste bis an den Ural vir, wougéint d'Drauweneech net iwwer d'Kurescht Haff an d'Schwaarzt Mier ewechkoum.

An der Zäit vum Subatlantikum goufen d'Eeche vun de Buchen an Dännen vun den héije Plaze verdréckt, d'Stilleech huet sech an d'Dällten and d'hiwweleg Géigende verzunn, an d'Drauweneech an déi mëttelst an ënnescht Biergloen. Do wou sech de vertikale Verbreedungsraum iwwerschneit, hu sech Tëscheforme gebilt.

Grouss Stilleechebestänn gëtt et a Slowenien, Südfrankräich, an um Rhäin. Grouss Drauweneechebëscher gëtt et an der Rhön, am Spessart an am Pfälzer Wald.

D'Stilleech huet sech un en atlantescht a kontinentaalt Klima ugepasst. Se brauch vill Wäermt an ass empfindlech géint Spéitfrascht, zwar manner wéi d'Buch. Se zielt zu de Liichtbamarten, a se gëtt dofir ënner engem liichte Schierm deen net laang stoe bleift verjüngt.

D'Stilleech brauch méi Fiichtegkeet wéi d'Drauweneech, an huet eng Virléift fir Ae mat villen Nierstoffen, déifgrënneg Leembiedem, oder zweeschichteg Biedem mat Leemënnerlag.

D'Eech ass e Bam dee sech net fir Buedemschutz eegent, an am Ënnerstand hale se sech net laang. Si huet eng gutt Verankerung am Buedem. D'Poulwuerzel déi se huet, gëtt schonn am Staangenalter vun engem extensiven Häerzwuerzelsystem ofgeléist, doduerch datt sech de Wuesstem op e puer wéineg veräschtelt Säitewuerzele verlagert. Wann d'Eech méi all gëtt, gi vun dëse Säitewuerzele sougenannt Senker an d'Déift. Si hunn net vill reng Wuerzelen. Wann d'Grondwaasser héich usteet, oder bei permanenter Staunätzt bilde sech Wuerzeltelleren.

Verhalen am Bestand[änneren | Quelltext änneren]

Wann d'Eeche net no beienee stinn, ginn hir Kroune späreg, a se wuesse protzeg. Dobäi maache se Stackausschlag a bilde Waasserreiser. Den ongläichméissege Jugendwuesstem, verstäerke verschidde Membere vum Bestand nach duerch déi sougenannt Gehaansdriwwer.

D'Leeschtung am Wuesstem läit op beschte Biedem fir d'Stilleech bei 6 bis 7 fm (dGz100). En ze vill séiert Wuessen ass net onbedéngt erwënscht, well soss d'Joresréng, ze grouss ginn, wat en Nodeel an der Qualitéit vum Holz ass.

Ënnerscheed mat der Drauweneech[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Stilleech sëtzen d'Friichten (Eechelen) op engem laange Still, dohier och den Numm, an d'Blieder hunn e kuerze Still. Bei der Drauweneech (Quercus petraea) ass et just ëmgekéiert.