Diskussioun:Stilleech

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fir d'Summereech op "Stilleech" ze réckelen, well dat méi geleefeg wier, verwonnert. De Klees kennt deen Numm iwwerhaapt net; och net an der zweeter Oplo vun 1983. Deen nennt déi däitsch "Stieleiche" : Eechefrächen, Frächen, Steeneech, Summereech. D'Luxemburger Wörterbuch kennt och keng "Stilleech". --Cornischong 00:38, 4. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Tjo do schénge vill Leit de Beem vill Nimm ginn ze hunn, an esouguer mat Meederchersnimm derbäi. Solle mer net vläicht bei den Nimm bleiwen, wéi och d'Fierschteren an d'Holztechniker se gebrauchen. Déi wësse gewéinlech an deem Beräich vu wat se schwätzen.
Ech wéisst och gäre wéi de Klees un d'Steenech kënnt an deem Zesummenhank. Steeneech ass nämlech d'Drauwen- oder Wantereech. Dat huet op jiddferfall den Otto Schmeil schonns 1903 geschriwwen an am Forstbetriebsdienst deen d'Handbuch vun de Fierschteren zu Lëtzebuerg ass steet dat selwecht.
A propos ass do net nach eng Äntwert fir eng IP. beim Marounebam fälleg. Wat seet de Klees dann duerzou.Gëtt et dee beim Klees oder net. Ech hätt nawell gären eng kloer Äntwert, wa mer schonn do derbei sinn. Déi Fro war jo an deeër Diskussioun ganz däitlech gestallt ginn, an du sollt ech de Problen zougeschoustert kréien. Ech hunn de Klees awer net.

Dat hei war d'Fro:

Wat seet de Klees da vum Marounebam? 81.245.67.221 11:40, 31. Jan. 2008 (UTC)

Dat hei war d'Äntwert wou ech sollt mat an d'Diskussioun gezunn ginn:

Et deet mer Leed, awer meng Spriechstonn ass fir haut eriwwer. Ech sinn iwwerzeegt, datt aner Mataarbechter, wéi de Les Meloures, Iech och berode kënnen. De Problem ass ganz einfach; déi Zäit, déi ech hei aus dem Klees virliesen, feelt mär fir aner Saachen. --Cornischong 12:17, 31. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Awer eng kloer Äntwert op dem 81.245.67.221 seng Fro war et net.


Les Meloures 07:50, 4. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]