Lucien Wercollier

Vu Wikipedia
Lucien Wercollier
Gebuer 26. Juli 1908
Lëtzebuerg
Gestuerwen 24. Abrëll 2002
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Académie royale des beaux-arts,
École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Sculpteur
Famill
Papp Jean-Baptiste Wercollier
Geschwëster Roger Wercollier
D'Hinzerter Kräiz mat der Skulptur Le prisonnier politique vum Wercollier.

De Lucien Wercollier, gebuer de 26. Juli 1908 zu Hollerech[1] a gestuerwen de 24. Abrëll 2002 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sculpteur. Hie gëllt ass dee bedeitendste lëtzebuergesche Sculpteur aus dem 20. Joerhonnert.

Säi Liewen [2][änneren | Quelltext änneren]

Dem Lucien Wercollier säi Papp, de Jean-Baptiste Wercollier, war Sculpteur a Professer an der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg. De Jean-Pierre Koenig, ee vu senge Monnien, war e bekannten Architekt. De Lucien Wercollier ass also an engem Milieu opgewuess, wou vill iwwer Skulptur an Architektur geschwat gouf.

Vun 1924 bis 1927 war hie Schüler an der Handwierkerschoul, wou hien am Atelier vu sengem Papp geléiert huet am Holz, am Steen an am Gips ze schaffen; ë. a. huet hien och d'Course vum Moler Pierre Blanc besicht. Duerno war hie bis 1931 op der Académie royale des beaux-arts zu Bréissel ageschriwwen, éier en tëscht 1931 an 1933 op d'École normale supérieure des beaux-arts zu Paräis gaangen ass, wou hie beim Sculpteur Henri Bouchard studéiert huet. Niewebäi ass de Lucien Wercollier op d'Académie Colarossi gaangen an huet owes an enger Schoul um Montparnasse gezeechent. Zu Paräis huet hien d'Aarbechte vum Aristide Maillol kenne geléiert, déi hie begeeschtert hunn, a Bekanntschaft mam Auguste Trémont gemaach, mat deem hie spéider eng Zäit zesummegeschafft huet.

No sengem Studium ass hien erëm op Lëtzebuerg komm an 1935, no sengem Stage pédagogique vun zwee Joer, Professer an der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg ginn wou hie sengem Papp seng Coursen iwwerholl huet (Ornementatioun, Aféierung an d'Architektur, an technescht Zeechnen).

1936 huet hie sech mat der Zänndoktesch Yvonne Schmit bestuet, déi seng Aarbechte wärend senger ganzer Karriär ënnerstëtzt huet.[3] Zesumme krute si zwee Kanner (Simone an Étienne).

Ëm déi Zäit huet de Wercollier och de Moler Joseph Kutter kenne geléiert, un deem sengen Aarbechten hie groussen Interessi gewisen huet. Zesumme mam Trémont huet hien un de Skulpture vum Lëtzebuerger Pavillon fir d'Weltausstellung 1937 zu Paräis geschafft. Am Allgemengen huet hie sech ëmmer méi fir déi deemoleg modern Konscht intresséiert.

Ënner der däitscher Besatzung vu Lëtzebuerg huet de Lucien Wercollier 1941 refuséiert der Kulturkammer bäizetrieden an huet duerno seng Aarbechten net méi presentéieren däerfen. De 4. September 1942, dräi Deeg nom Generalstreik géint d'Zwangsrekrutéierung, gouf hie festgeholl well hien den 31. August seng Schüler heemgeschéckt an deen aneren Dag bei sengem Schouldirekter géint d'Zwangsrekrutéierung protestéiert hat.[4],[5] Vum Prisong am Gronn, an deem hien tëscht dem 4. an 19. September 1942 souz,[6] koum hien an d'KZe vun Hinzert a Lublin. Seng Fra gouf mat hiren zwee Kanner a Schlesien deportéiert. 1943 koum de Lucien Wercollier fräi an ass bei seng Famill an d'Ëmsiidlungslager a Schlesien gezunn. Am Juni 1945 koum hie mat senger Famill op Lëtzebuerg zeréck, wou hien erëm als Professer an der Handwierkerschoul ugefaangen huet z'enseignéieren. Donieft huet hie Coursen an der Keramik an och an der Skulptur fir eng Rei élèves libres ginn.

1948 huet hien zesumme mat de Moler François Gillen, Victor Jungblut a Joseph Probst de Gruppement Bouvelle Équipe gegrënnt, deen nach dat selwecht Joer am Cercle municipal an der Stad Lëtzebuerg deen éischte Salon de la nouvelle équipe organiséiert huet. Dës jonk Kënschtler wollte sech lassléise vun der traditioneller, an hiren Aen zu Lëtzebuerg festgefuerener Konscht. Wärend dem zweete Salon de la nouvelle équipe (1950) huet de Lucien Wercollier, nieft 'vereinfacht realisteschen' Aarbechten, eng éischt Skulptur ausgestallt déi keng realistesch Duerstellung méi ass (Repliée sur elle-même, am Steen, Koll. Staatsmusée). Seng éischt abstrakt Skulptur (Germination) ass 1952 entstanen.

Hien huet 1954 um éischte Salon des iconomaques deelgeholl, deen hie matgegrënnt huet. Dëse Salon huet nieft engem groussen Deel vun de Kënschtler vun der Nouvelle équipe eng Rëtsch aner Artiste regroupéiert. Op dësem Salon huet déi abstrakt Konscht dominéiert. Seng Aarbechte vun 1955 weisen datt de Wercollier vun do un ganz zur abstrakter Skulptur iwwergaange war.

1958 ass hie mat senger Famill an hiert neit Haus um Briddel geplënnert, an deem hie säin Atelier bis zu sengem Doud hat. D'Strooss, an där d'Haus steet, gouf spéider no him benannt. Do huet hie seng éischt Skulpturen aus poléierter Bronze ausgestallt a, mat 50 Joer, seng éischt Skulptur un e Privatkeefer verkaaft.

Seng éischt Skulpturen aus Alabaster huet de Lucien Wercollier 1960 gemaach. Zwee Joer méi spéit war hie fir d'éischt zu Carrara an Italien, wou hie seng Virléift fir de Marber entdeckt huet. Duerno ass hie laang Zäit all Joer op Carrara zeréckkomm, fir do ze schaffen.

Mat 57 Joer huet hien 1965 den Enseignement verlooss. Vun 1972 un huet hien ëmmer méi am Alabaster an am Onyx sculptéiert. 1998 huet hien am Alabaster Caresse sculptéiert, seng lescht fäerdeg Skulptur. D'Joer drop huet hien nach eng aner Skulptur am Marber ungefaang, déi hien awer wéinst schwaacher Gesondheet net fäerdeg maache konnt.[7]

De Lucien Wercollier war e lëtzebuergesche Fräimaurer.[8]

De Lucien Wercollier ass de 24. Abrëll 2002, am Alter vun 93 Joer, gestuerwen. Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Dem Lucien Wercollier seng Skulpture sinn aus Holz a Steen, virun allem awer aus Bronze, Marber, Alabaster an Onyx. Seng éischt Aarbechte si figurativ, vun 1952 bis 1955 awer ass hie ganz zur abstrakter Skulptur iwwergaangen, an där hie vum Constantin Brancusi a Jean Arp beaflosst gouf.

Skulpture vun him sinn an de Muséeën zu Lëtzebuerg (Nationalmusée fir Geschicht a Konscht), Metz, Paräis (Musée national d'art moderne), Jerusalem (The Israel Museum), Washington D.C. (J.-F. Kennedy Center for Forming Arts) an Oxford am Ohio (Miami University Art Museum) ze gesinn.

Hie war Member vum Institut grand-ducal, section des arts et lettres, sous-section des arts plastiques.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Skulpturen an der Abtei Neimënster[änneren | Quelltext änneren]

Dem Lucien Wercollier säi Wonsch war et, datt seng Skulpturen der breeder Ëffentlechkeet sollten zougänglech gemaach ginn. Nom Doud vum Kënschtler huet seng Famill dem Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster seng perséinlech Sammlung vu Skulpture fir eng Dauerausstellung iwwerlooss. 2005 goufen dës Skulpturen am Kräizgank vun der fréierer Abtei, e Kräizgank deen nom Kënschtler benannt ass (Cloître Wercollier), ausgestallt.[9]

2008, dem Joer vum 100. Anniversaire vum Wercollier, koum d'Ausstellung op hir definitiv Plaz, um éischte Stack vun der Abtei, am Déambulatoire iwwer dem Kräizgank. De Vernissage vun der Ausstellung, a Presenz vun der Famill vum Kënschtler, war den 21. November 2008.[10] E war verbonne mat engem Hommage un de Kënschtler am Robert Krieps-Sall vum Centre culturel.[11]

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Schüler vum Lucien Wercollier[änneren | Quelltext änneren]

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Zwee wichteg Bicher iwwer de L. Wercollier, mat jee enger detaillerter Biographie, Fotoe vu senge Skulpturen, jee enger Lëscht vun den Expositiounen un deenen de Kënschtler participéiert huet, an enger Lëscht vu Plazen a Muséeën wou ee seng Skulpture ka gesinn:

Weider Literatur:

  • Paul Bertemes (Koord.), 2005. Lucien Wercollier au cloître de l'Abbaye Neumünster. Katalog erausgi vu mediArt an Zesummenaarbecht mam Centre culturel de rencontre Abbaye Neumünster. 64 S. ISBN 2-9599867-2-5.
  • Eischen, Linda (Koord.), 2003. Wercollier et ses amis peintres Gillen, Stoffel, Trémont. Exposition à la Villa Vauban. Katalog vun der Expositioun vum 30. Abrëll bis de 7. September 2003. (Ouni Numm vun der Dréckerei). ISBN 2-919878-48-4.
  • Haag, Emil, 2011. Joseph Kutter *1894 1941 et Lucien Wercollier *1908 2002, les grands maîtres de l'art, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 376-385.
  • Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 6-7)
  • Josée Kirps, 2001. Lucien Wercollier. In Robert Theisen (Koord.): Luxembourg sculptures. Skulpturen - Sculptures. S. 123-127. Éditions Îlôts, Steesel. ISBN 2-87996-932-8.
  • Marc Theis & Elisabeth Vermast, 1995. Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui. Verlag Marc Theis (Sponsor: Banque internationale à Luxembourg). 156 S. ISBN 2-9599988-2-0. (Lucien Wercollier: cf. S. 143-144).
  • Joseph-Émile Muller, 1988. Lucien Wercollier pour son 80e anniversaire. Les Cahiers luxembourgeois no 2: 17-24.
  • Ragon M. & M. Seuphor, 1974. Wercollier Lucien. L'art abstrait 1945-1970. Biographie des artistes. Ed. Maeght, Paris.
  • Joseph-Émile Muller, 1954. Lucien Wercollier et la sculpture moderne. Les Cahiers luxembourgeois, no 3.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lucien Wercollier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Inauguration du monument aux morts 1940-1945 Hollerich 26 septembre 1965. Dréckerei Jos Ewen, Hollerech, 64 S. Cf. S. 16.
  2. Joseph-Émile Muller 1976, 1983
  3. D'Yvonne Schmit (1910-2003) war d'Duechter vum fréiere Minister Étienne Schmit.
  4. Quell: Denis Scuto 2002, in: Luigi Peruzzi, Mes mémoires. Éditions Le Phare, Esch/Uelzecht. Cf. S. 370.
  5. De Lucien Wercollier war vun 1942 u Member vun der Resistenzorganisatioun LVL. Quell: Aloyse Raths, 1983: Hommage à Lucien Wercollier. Rappel 5-6/198: 175-177. (Cf. S.176).
  6. Plackett nieft dem Prisonnier politique am Centre culturel de rencontre abbaye de Neumünster
  7. L. Eischen 2003
  8. Quelques francs-maçons luxembourgeois célèbres | Grande Loge de Luxembourg. www.grande-loge.lu. Gekuckt de(n) 2023-04-11.
  9. Katalog vun der Ausstellung, 2005: Lucien Wercollier au cloître de l'Abbaye Neumünster. Erausgi vu MediArt an Zesummenaarbecht mam Centre culturel de rencontre abbaye de Neumünster. 64 S. ISBN 2-9599867-2-5.
  10. Katalog vun der Ausstellung, 2008. Exposition Lucien Wercollier à l'occasion du centenaire de sa naissance. Exposition permanente au Centre culturel de rencontre abbaye de Neumünster. Erausgi vum Centre culturel de rencontre abbaye de Neumünster. Imprimerie centrale. (Ouni Säitennummeréierung).
  11. D'Rieden, op Franséisch, goufe gehale vum Claude Frisoni, Direkter vum Centre culturel de rencontre abbaye de Neumünster, dem Guy de Muyser, President vum Conseil d'administration vum Centre, an der Octavie Modert, Staatssekretärin ë. a. fir Kultur. De Charles Suberville huet e gesongent Gedicht virgedroen, den André Mergenthaler huet um Cello improviséiert, wärend um Schierm Biller a Filmausschnëtter iwwer de Wercollier vum Menn Bodson a Romain Goerend gewise goufen.
  12. Aloyse Raths 2006: Rappel 2006/3, Foussnott S. 341.
  13. (c.k.), 2011. Neues Home mit Leben füllen. "Briddeler Daereldéieren" (FNEL) weihten neues Scoutchalet ein. Luxemburger Wort vum 28. September 2011, S. 30.
  14. Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur - Remise de décorations à la Bibliothèque nationale am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1976 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu
  15. Cf. Beck, Fanny, 2012. Was bedeuten die Strassennamen der Stadt? Ons Stad 100: 83 (Pdf).