Campus Geesseknäppchen
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
De Campus Geesseknäppchen ass e Schoulcampus an der Stad Lëtzebuerg, op deem sechs Schoule stinn.
De Campus Geesseknäppchen huet säin Numm vum Lieu-dit Geesseknäppchen zu Hollerech. E läit riets nieft der Escher Autobunn, wann een aus der Stad eraus fiert.
Um Campus Geesseknäppche sti follgend Schoulen:
- Athénée de Luxembourg
- International School of Luxembourg
- Lycée Aline-Mayrisch
- Lycée Michel-Rodange
- École de commerce et de gestion - School of business and management
- Conservatoire de musique de la ville de Luxembourg
Zanter 2012 steet nach e faarwegt Gebai a Form vun enger stiliséierter Blumm um Campus an déngt dem Kolléisch als Provisorium an der Zäit vun der Renovatioun vum Gebai aus de 60er Joren.
Zum Campus gehéieren och zwéi syntheetesch Foussballterrainen, eng Schwammhal, fënnef Turnhalen an eng Lafbunn.