École nationale pour adultes

Vu Wikipedia
École nationale pour adultes
école nationale pour adultes
Typ Secondairesschoul, ëffentlech Schoul
Uertschaft Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Um Spaweck https://www.enad.lu

D'École nationale pour adultes, kuerz ENAD, déi fréier École de la deuxième chance, kuerz e2c, ass eng Schoul zu Lëtzebuerg, déi sech u Jugendlech a jonk Erwuessener tëscht 16 an 30 Joer riicht, déi kee Schoulofschloss hunn, well se virdrun eng Kéier d'Schoul ofgebrach haten, an déi awer net méi schoulflichteg sinn. Si erméiglecht et hinnen, nees an d'Schoul ze goen a sou en Ofschloss ze maachen.

Et kann een eng Beruffsausbildung oder en Ofschloss am Enseignement Secondaire maachen. Besonnesch ass, vum pedagogesche Standpunkt hier, de System vum Tutorat: D'Schüler hunn all en Tuteur (Coach), dee se wärend hirer Ausbildung begleet.

D'e2c gouf duerch e Gesetz vum 12. Mee 2009 geschaf[1], an ass zanter 2011 op.

Si ass an der Stad an der Rue de l'Aciérie zu Hollerech.

Den 3. Mäerz 2018 gouf ugekënnegt, den Numm vun der Schoul géif an École nationale des adultes ëmgeännert ginn[2]. Am Juli 2018 huet de Bildungsminister Claude Meisch an der Chamber matgedeelt, datt d'Regierung wëlles hätt, en neit Gebai zu Mamer, nieft dem Lycée Josy Barthel bauen ze loossen.[3]

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

  • ... bis 2024: Jos Bertemes

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 12 mai 2009 portant création d'une École de la 2e Chance op legilux.lu (gekuckt den 3. Mäerz 2018)
  2. Briefing nom Regierungsrot - Bettel an Direktioun CGFP: "Mäi Büro ass op!" op rtl.lu den 3. Mäerz 2018
  3. "Neues Sportlycée kommt nach Mamer." wort.lu, 11.07.2018.