Claude Meisch (Politiker)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Claude Meisch. Fir de Biolog, kuckt wgl. Claude Meisch (Biolog).
Claude Meisch
Gebuer 27. November 1971
Péiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vun Tréier
Aktivitéit Ekonomist, Politiker
Partei Demokratesch Partei

De Claude Meisch, gebuer de 27. November 1971 zu Péiteng, ass e lëtzebuergesche Bankbeamten a Politiker (DP). Hien ass zanter dem 17. November 2023 Minister fir Bildung a fir de Logement an der Regierung Frieden-Bettel.[1]

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No der 13ième, déi hien am Lycée technique Mathias-Adam zu Péiteng ofgeschloss huet, huet hie bis 1998 Finanzmathematik op der Universitéit zu Tréier studéiert[2]. No sengem Studium huet hien op der Banque de Luxembourg geschafft. Zanter 1994 ass hie Member vun der DP an tëscht 1995 an 2000 war hien den éischten nationale Vizepresident vun der Jeunesse démocrate et libérale (JDL) a President vun der JDL-Sektioun Déifferdeng.

Den 10. Oktober 1999 ass de Claude Meisch an de Gemengerot vun der Stad Déifferdeng gewielt ginn a war do, vum 31. Januar 2002 bis zu senger Nominéierung als Minister, Buergermeeschter. An där Funktioun war hien och Vizepresident vum Syndicat intercommunal de l'hôpital princesse Marie-Astrid zu Nidderkuer a Member vum Büro vum Syndicat Pro-Sud.

Hien ass Member vum Direktiounscomité vun der DP a war tëscht 2004 an 2013 President vun där Partei.

Bei de Chamberwale vum 13. Juni 1999 ass hien op der Lëscht vun der DP am Walbezierk Süden eng éischt Kéier an d'Chamber gewielt ginn. Bei deene vum 13. Juni 2004, vum 7. Juni 2009, an deen vum 20. Oktober 2013, wéi och bei deene vum 14. Oktober 2018 an deene vum 8. Oktober 2023[3] ass hien allkéiers als Deputéierten erëmgewielt ginn.

No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 huet hien op säin Deputéiertemandat verzicht, fir an der Regierung Bettel-Schneider Minister fir Erzéiung, Kandheet a Jugend a Minister fir Fuerschung, Héichschoulen a Beruffsausbildung ze ginn. Dat selwecht huet hien no dene vun 2018 gemaach, wou hien an der Regierung Bettel-Schneider-Braz déi selwecht Portefeuilen iwwerholl huet.

Och bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf hien an d'Chamber gewielt. Op en neies huet hien op säi Mandat verzicht, fir an der Regierung Frieden-Bettel Minister fir Bildung a fir de Logement ze ginn.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie wunnt zu Uewerkuer an der Gemeng Déifferdeng, ass bestuet an huet e Jong.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Claude Meisch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
  2. CV vum Claude Meisch op gouvernement.lu
  3. elections.lu.
  4. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/