Banque de Luxembourg

Vu Wikipedia
Banque de Luxembourg
Typ Société anonyme
Grënnungsdatum 1920
Sëtz Lëtzebuerg
14, boulevard Royal
Leedung Pierre Ahlborn
(administrateur-délégué)
Mataarbechter 962 (2019[1])
Branche Bankservicer
Produit Verméigensverwaltung
Homepage www.banquedeluxembourg.com


D'Banque de Luxembourg ass eng lëtzebuergesch Bank déi 1920 gegrënnt gouf an op Verméigensverwaltung a -berodung spezialiséiert ass. Et ass eng Privatbank a se huet hire Sëtz um Boulevard Royal an der Stad. Eegenen Aussoen no, zielt se haut zu de wichtegste Verméigensverwalter vu Lëtzebuerg[2].

Geschicht[3][4][änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vun der Banque de Luxembourg fänkt 1920 un, mat der Ouverture zu Lëtzebuerg vun Agencë vun der Banque d'Alsace et de Lorraine, der Virgängerin vum Crédit Industriel d'Alsace et de Lorraine (Cial).

1937 grënnen d'Bridder Ambroise Jacques a Marie-Eugène Mathieu d'Banque Mathieu Frères, aus där méi spéit d'Banque de Luxembourg entsteet.

Nom Enn vum Zweete Weltkrich mécht de Cial seng Dieren nees op, mam Marcel Reckinger un der Spëtzt vun der Bank.

De Cial fänkt 1954 un en éischt Bankgebai an der Groussgaass ze bauen. D'Gebai um Eck vun der Aldrengerstrooss geet 1956 op.

De Cial iwwerhëlt 1969 30,2 % vum Kapital vun der Banque Mathieu a gëtt domat majoritären Aktionär. D'Bank spezialiséiert sech op Verméigensverwaltung fir eng räich Clientèle.

1978 ännert d'Banque Mathieu hiren Numm a Banque de Luxembourg.

D'Banque de Luxembourg iwwerhëlt 1991 d'Aktivitéite vum Cial.

Den neie Siège vun der Bank, op 14 Boulevard Royal an der Stad, gëtt 1994 ageweit.

D'Banque de Luxembourg gëtt 2002 eng honnertprozenteg Duechtergesellschaft vun der Crédit Mutuel-CIC-Grupp.

2010 mécht d'Bank Succursallen an der Belsch (zu Bréissel a Gent) op.

Finanzen[änneren | Quelltext änneren]

D'Banque de Luxembourg hat Enn 2019 en Eegekapital vun 1.007 Milliounen Euro an huet e konsolidéierte Benefice vun 63,5 Milliounen Euro realiséiert[4].

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (Dominique Nauroy) Luxemburgs Banken im Überblick. wort.lu (26.06.2020). Gekuckt de(n) 30.06.2020.
  2. Ein aufmerksames und verantwortliches Haus. Banque de Luxembourg. Gekuckt de(n) 30.06.2020.
  3. Unsere Geschichte. Banque de Luxembourg. Gekuckt de(n) 30.06.2020.
  4. 4,0 4,1 Overview 2020. Banque de Luxembourg. Gekuckt de(n) 30.06.2020.