Bank

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Aufgaben a Struktur[änneren | Quelltext änneren]

Banken, sinn an hirer Haaptfunktioun Geldinstituter, déi mat hiren eegenen a geléinte Suen Projete vu Privatpersounen, Entreprisen, oder ëffentlëchen Institutiounen finanzéieren. Wat d'Natur vun hire Finanzéirungen ugeet, gëtt heiansdo een Ënnerscheed gemaach tëscht Depotbanken, déi mat den Depote vun hire Cliente Projeten ënner der Form vu Kredite finanzéieren an den Investmentbanken, déi Anleihen émettéieren a mat deem Geld Participatiounen an Entreprisen huelen. Wann sou e rechtlechen Ënnerscheed a verschiddene Länner gemaach gëtt oder gemaach ginn ass, dann ass dat drop zréckzeféieren, datt d'Autoritéite sech fir d'Sécherheet vun de Suen, déi bei Banken déposéiert sinn, verantwortlech fillen. Si wëllen domat verhënneren datt d'Sue vum "Mann vun der Strooss" an ze laang a risikoräich Placementer immobiliséiert ginn an dodurch d'Sécherheet vun den Depoten net méi séchergestallt ass.

Lëtzebuerg mécht dëse rechtlechen Ennerscheed net. Hei besteet de Regime vun den Universalbanken, déi vum Prinzip hir déi verschidden Bankentätegkeeten ausüben däerfen. D'Sécherheet vun den Depote gëtt doduerch garantéiert, datt d'Bankenopsiicht e Mindestkapital fir Banken virschreift, souwéi Coeffizienten am Hibléck op d'Solvabilitéit an Liquiditéit vun de Banken festleet, an d'Anhalung vun dësen Coeffizienten och iwwerwaacht. D'Bankentätegkeet huet sech am Laf vun der Zäit staark ausgeweit.Liest d'Ausféierungen an der däitscher Wikipedia iwwer d'Gamme vun Dëngschtleeschtungen, déi d'Banken haut bidden.

Doriwwer eraus gëtt et nach Banken mat Spezialmissiounen wéi d'Weltbank, d'Osteuropabank (BERD), an Zentralbanken, déi Geldschäiner émettéieren, d'Emissiounsbanken, wéi se och bezeechent ginn. Dës Aufgab ass zwar generell Instituter vun ëffentlechem Recht virbehal. Mä et gëtt och Ausnamen. Zum Beispill ass d' Royal Bank of Scotland, eng Privatbank, mat engem Emissiounsrecht ausgestatt. Dat war och de Fall fir d'Banque Nationale du Grand-Duché de Luxembourg (1873-1881) während hirer kurzer Existenz an och fir d'Banque internationale à Luxembourg soulaang wéi de Lëtzebuerger Frang déi offiziell Landeswährung war.

D'Lëtzebuerger Banken[änneren | Quelltext änneren]

Hir Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank vum 19.Jahrhonnert waren d'Bankenaktivitéiten zu Lëtzebuerg nach ganz bescheiden. D'Notairen hu Gelddepôten entgéint geholl a se fir Kreditter un hir Cliente benotzt. Dat hunn d'Notairen nach iwregens bis nom Zweete Weltkrich gemaach, bis déi Aktivitéit hinne verbuede gouf.

Déi éischt Bank war déi vun de Bridder Pescatore. Hir Bankenaktivitéiten hu se deemools nach an enger Annexe, dem Hannerbuttik vun engem Tubaks- a Liewensmëttelgeschäft ofgewëckelt. Datselwecht trëfft och fir d'Bank vum Tirouler Bernard Tschiderer zou. Hien huet mat Agrarprodukten a Spirituosen gehandelt an d'Bankgeschäft als Niewenaktivitéit praktizéiert. Wéi et gegollt huet, nei Infrastrukturen fir d'Entwécklung ze schafen, koum et gläichzeiteg am Jahr 1856 zu zwou Initiativen:

D'Staatsspuerkeess konnt sech op eng Staatsgarantie fir d'Spuereinlage beruffen. Si huet deemools nach ausschliisslech Spuersuen entgéintgeholl an domat mëttel- a laangfristeg Kreditter ginn. Ausser an hirem Haaptsëtz konnt och an de Postämter Geld op hir Spuerbicher abezuelt an opgehuewen ginn. Am Zweete Weltkrich ass si an den däitsche System vu Spuerkeesen, d'Kreisspuerkeesen, integréiert ginn, Agencë sinn opgemaach ginn an hir Aktivitéite goufen op all Bankaktivitéiten ausgeweit. Nom Zweete Weltkrich huet dat sech och net méi geännert. D'Spuerkeess huet offiziell den Numm: Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat (BCEE) kritt. Si ass also eng deenen anere Banke gläichgestalltent Kreditinstitut ginn. Duerch d'Grënnung vun der Banque Internationale (och Interbank genannt), 1856 op d'Initiativ vun däitsche Bankieren hin, gouf ee wichtegen Bäitrag zu der Entwécklung vum Kreditwiesen geleescht. Den haarden Konkurrenzkampf, deen se an hire Grënnerjoren mat der Banque Nationale gefouert huet, war vu kuerzer Dauer. D'Banque Nationale, op staatlech Initiativ hin 1873 geschaf, huet nämlech 1881 hir Aktivitéiten agestallt.

Aner Banken, meeschtens mat engem auslänneschen Aktionnariat, hu sech an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert hei niddergelooss, mat der Absicht, um Lëtzebuerger Geschäft ze participéieren. An där Zäit ass och de belschen Afloss op der Plaz méi grouss ginn. Iwwer hir Diechter zu Lëtzebuerg goufen déi grouss belsch Banken zu Lëtzebuerg de Toun un.

En intensive Konzentratiounsprozess huet sech an den 1990er Jahren an der Bankewelt bemierkbar gemaach. Och déi Lëtzbuerger Guichetsbanken si vun him betraff ginn. Déi grouss international Bankegruppen, wéi Dexia, Fortis an ING hu sech bei de Bréisseler Mammen akaaft an hunn domat och de Kontroll vun de Banken um Lëtzebuerger Inlandsmarkt iwwerholl. Als reng Lëtzebuerger Banke verbleiwen zanterhier nach d'BCEE: d'Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat souwéi d' Raiffeisenbank an d'Raiffeisenkeesen.

D'Internationaliséirung vum Bankengeschäft[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1960 un, no der Gebuert vum Euromarkt, hu vill auslännesch Banken sech vu Lëtzebuerg ugezu gefillt. Eng Rei vu Viraussetzunge fir den Ausbau vun hirer internationaler Tätegkeet iwwer d'Finanzplaz Lëtzebuerg waren hei ginn. Et ware souzesoen nëmme Banken ouni Guicheten an ouni Agencen. Si hu sech all an der Stad selwer etabléiert.

E puer Chiffren[änneren | Quelltext änneren]

D'Zuel vun de Banken ass vu 37 am Joer 1970 op 118 am Joer 1985 geklommen. 1985 hu si een Total vun 190 Mrd als Bilanssomme ausgewisen, verglach mat 6 Mrd € 1970.

D'Ëntwécklung ass zanterhier weidergaangen: Ufank 2004 (Januar) waren 170 Banken zu Lëtzebuerg, déi aus folgenden Länner stamen:

* Däitschland: 49
* Frankräich: 17
* Italien: 16
* Belsch: 15
* Schwäiz: 13
* Schweden: 7
* USA 6
* Japan: 5
* China: 4
* Aner Länner: 38

Source: Lëtzebuerger Zentralbank.
Hir total Bilanzsomme huet zum selwechten Zäitpunkt (Mäerz 2004) 658 Mrd € erreecht. De Finanzsekteur zu Lëtzebuerg beschäftegt am Ganze 27.980 Persounen, dovun 19.446 Friemer (Mäerz 2004).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ernest Mühlen: Monnaie et circuits financiers au Grand-Duché de Luxembourg, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1968
  • Delvaux, E. Reiffers: Les sociétés holding au Grand-Duché de Luxembourg – Etude pratique de la loi du 31 juillet 1929, Imprimerie Victor Buck, 5e édition, Luxembourg,1969
  • Christian Calmes : Au Fil de l'Histoire –Une Banque raconte son histoire - Histoire de la Banque Internationale 1856-1981, Imprimerie Saint-Paul, 1981
  • Jutta Jaans-Hoche : Banque Nationale du Grand-Duché de Luxembourg 1873-1881 – Eine Episode der Luxemburgischen Währungsgeschichte, Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 1981

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Banks – Biller, Videoen oder Audiodateien