Op den Inhalt sprangen

Pescatore (Famill)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wope vum Pescatore op der säitlecher Entréespaart vun der Fondation Pescatore

Vun der Famill Pescatore, grouss Promoteure vum lëtzebuergesche Bankwiesen, der Tubaksindustrie, der Faïence-Industrie a souguer vun der Landwirtschaft gouf et zwou Branchen: d'Pescatore-Naveau an d'Pescatore-Geschwind. A senger Biographie Nationale du Pays de Luxembourg, fasicule 02, huet de Jules Mersch d'Meritte vun den zwou Branchen am Detail beschriwwen.

D'Urspréng vun der Famill gi bis op den Ufank vum 16. Joerhonnert zeréck, op Broglio, engem klengen Duerf um Maggia an der Géigend vum Gotthard. D'Duerf gehéiert zënter 1512 zur Schwäiz a läit am Kanton Tessin.

Ëm 1736 hunn dräi Membere vun der Famill den Tessin verlooss an de Jules Joseph Antoine (1711 – 1792) ass op Lëtzebuerg komm, iwwerdeems säi Brudder Dominique Mariano (1724 – ?) an hire Koseng François (1710) op Koblenz goungen[1].

Genealogesch Iwwersiicht

[änneren | Quelltext änneren]

Werner, Charles, Ch. Werner (Ed.): Les Pescatore-Feltz de 1863 à 1916 : témoins d'un demi-siècle mouvementé : de l'aisance par la tempête à l'acalmie. 2025, ISBN 978-99959-0-988-8 (fr).

  • Wehenkel, A.: Chronique de la famille Pescatore - Une histoire généalogique et culturelle, ses liens avec les familles Beving, Boch, Dutreux, de Gargan, de Scherff, Editeur: Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique asbl., Luxembourg, 2003, 336 Säiten, ISBN 2-919919-15-9.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Les Pescatore par Jules Mersch (kuckt Um Spaweck), S. 450 – 451
  2. D'Élisabeth Pescatore gëtt am Mersch senger Biographie ernimmt (cf. S. 456), ass awer ë. a. op familysearch.org net ze fannen