Op den Inhalt sprangen

Dominique-Antoine Pescatore

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Antoine Pescatore, Deputéierte vun 1867 bis 1886. Fir Leit mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Antoine Pescatore (Homonymie).
Dominique-Antoine Pescatore
Den Antoine Pescatore (ëm 1863)
Gebuertsnumm Marie Anton Dominick Pescatore
Gebuer 30. Mee 1842
Lëtzebuerg
Gestuerwen 9. Juni 1916
Boufer
Alter 74 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber
Famill
Bestuet mat Anne Feltz
Papp Pierre-Antoine Pescatore
Mamm Marguerite-Séraphine Beving
Kanner Marie-Madeleine Pescatore, Pierre Antoine Charles Pescatore, Élisabeth Pescatore, Antoine Bonaventure Pescatore, Théodore Pescatore, Paul Pescatore, Françoise Pescatore, Ferdinand Pescatore

Den Dominique-Antoine Pescatore, genannt Antoine Pescatore, gebuer den 30. Mee 1842 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 9. Juni 1916 zu Boufer[1], war e lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker. Hie war e Jong vun der bekannter Pescatore Famill[2], där hiert Liewen ufanks vu geschäftlechen a politesche Succès markéiert war.

Den Antoine Pescatore war de Fils vum Pierre-Antoine Pescatore (1814 – 1844) an der Marguerite-Séraphine Beving[3] (1818 – 1873). Hie gouf den 28. Abrëll 1863 an der Stad mat der Molerin Anne Feltz bestuet an d'Koppel krut aacht Kanner:

  1. Marie-Madeleine Pescatore (1864 – 1941), bestuet mam Henri Tudor;
  2. Pierre Antoine Charles Pescatore (1865 – 1866), mat siwe Méint gestuerwen;
  3. Élisabeth Pescatore (1866 – 1941), bestuet mam Dr Louis Wehenkel (1868 – 1935);
  4. Antoine Bonaventure Pescatore (1868 – 1927), Directeur général des travaux publics, Kummerhär vun der Groussherzogin vu Lëtzebuerg. Bestuet mat der Emma Dutreux, der Duechter vum Tony Dutreux;
  5. Théodore Pescatore (1871 – 1931), Ingenieur, Entreprener a Buergermeeschter vun Luerenzweiler;
  6. Paul Pescatore (1873 – 1949);
  7. Françoise Pescatore (1877 – 1954), Kënschtlerin;
  8. Ferdinand Pescatore (1884 – 1966). Hien ass de Pap vum Claude a Pierre Pescatore.

Politesch Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

De 6. Juni 1867 krut hien déi meescht Stëmmen am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg an e gouf bei de Gemengewalen 1869 erëmgewielt. Vum 28. Oktober 1867 bis zu senger Demissioun am Juli 1886 war hien Deputéierten an der Assemblée des États (dem deemolege Parlament) fir de Kanton Gréiwemaacher. Hie war och Sekretär vun der Chamber vun 1867 bis 1868 a vun 1872 bis 1875 a vun 1875 bis 1881 Vizepresident[4].

1871, nom Enn vum Däitsch-Franséische Krich, war dem Antoine Pescatore vun der Regierung eng geheim Missioun uvertraut ginn, fir erauszefanne wéi d'Verhandlungen tëscht Däitschland a Frankräich géife lafen, wat d'Exploitatioun vum Eisebunnsreseau zu Lëtzebuerg ugeet[5].

Den Antoine Pescatore gouf 1877 President vun der Kommissioun déi sech ëm d'Participatioun vu Lëtzebuerg op der Weltausstellung 1878 zu Paräis gekëmmert huet. Fir seng Déngschter déi en an deem Kader geleescht hat, krut hien eng Gedenkmedail[6]. Hie war och nees President vun der selwechter Kommissioun fir d'Weltausstellung 1885 zu Antwerpen; hie krut den 10. September vum selwechte Joer de Grad vum Commandeur vum Ordre de Léopold zougestanen[7].

Geschäftlech Aktivitéiten

[änneren | Quelltext änneren]

1868 war den Antoine Pescatore Matgrënner vun der franséischsproocheger Zeitung L'Avenir. Wéi déi 1871 fir zerguttst zougemaach gouf, war de Pescatore och Matgrënner vun der Nofollgerzeitung, der Indépendance luxembourgeoise. 1869 huet hien huet d'Société des hauts-fourneaux luxembourgeois matgegrënnt.[8]

Wéi 1873 d'Banque nationale du Grand-Duché de Luxembourg gegrënnt gouf, huet den Antoine Pescatore 575.000 Frang dran investéiert, wat 7,67 % vum Kapital ausgemaach hunn. Hie war vun Ufank un ee vun den Administrateure vun der Bank a gouf méi spéit Vizepresident vum Verwaltungsrot.[9] No enger Rei vu riskanten Operatiounen huet d'Bank eng grouss Perte a schliisslech de 26. September 1881 Faillite gemaach. Sou wéi et bei der Grënnung vun der Bank festgehale gi war, war d'Ufankskapital nëmmen zu Hallschent ze bezuelen an de Rescht sollt fälleg gi wann d'Bank Pertë maache géif. D'Curateuren hunn deemno gefuerdert, datt dat fällegt Geld misst abezuelt ginn. Anescht wéi aner Investisseuren, schéngt de Pescatore ee vun de Wéinege gewiescht ze sinn, dee seng Aktien zu 100 % bezuelt huet. Déi ganz Operatioun huet hien um Enn 1 Millioun Frang kascht.[8]

Zesumme mam Louis Zoude huet hien 1882 de Bankverein in Luxemburg gegrënnt, vun deem hien Direkter gouf.[10]

Zesumme mat sengem Partner Louis Zoude huet den Antoine Pescatore d'Rëmelenger Schmelz iwwerholl. D'Schmelz war 1872 mat engem éischten Héichuewe gegrënnt ginn, bei deen 1881 en zweeten derbäi koum. Wärend hirer kuerzer Existenz hat d'Firma Schwieregkeeten a gouf am Juli 1882 vum Pescatore a Zoude hirem Bankverein iwwerholl; si hunn doropshin eng nei Firma mam Numm Rü­melinger und Oettinger Hochofen- und Eisenwerkgesell­schaft Antoine Pescatore Louis Zoude & Cie gegrënnt. Den Antoine Fehlen, e fréiere Mataarbechter vun der Banque nationale a Besëtzer vun der Banque Fehlen, huet iwwer d'Union industrielle des deux Luxembourg an d'Firma investéiert.

Zur selwechter Zäit hat den Antoine Pescatore e laangfristege Pachtvertrag mam Grof vun Hunolstein, Besëtzer vun enger Schmelz mat zwéin Héichuewen zu Ëtteng, ofgeschloss. Nodeems s'an de Bau vun engem drëtten Héichuewen zu Rëmeleng investéiert hat, huet d'Firma deemno fënnef Héichiewe bedriwwen.

An den 1880er an 1890er Joren huet sech d'Situatioun an der Stolindustrie verschlechtert, a vill Firmaen an der Siderurgie koumen a Schwieregkeeten. Rëmeleng huet och ënner dem wirtschaftleche Réckgang gelidden, an et gouf probéiert, d'Firma mat verschiddenen Investitiounen ze schützen, wat am Joer 1885 zur Grënnung vun der Société industrielle et financière Pescatore et Cie gefouert huet, déi am selwechte Joer d'Union industrielle des deux Luxembourg iwwerholl huet. Domat hat den Antoine Pescatore och d'Kontroll iwwer d'Dikrecher Brauerei an d'Mierscher Malzfabrick.

1886 gouf et nees eng Rëtsch Réckschléi fir de Pescatore: de Bankverein goung den 21. Abrëll Faillite, d'Rü­melinger und Oettinger Hochofen- und Eisenwerkgesell­schaft de 14. August, d'Banque Fehlen den 29. Mee an d'Union industrielle des deux Luxembourg den 10. Juni.[11]

No all dëse Réckschléi, huet de Pescatore sech aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn an ass an den Exil an de Schwarzwald gaangen, absënns fir sech virun de Virwërf ze schützen, déi vun e puer Affer vun de Faillitë géint hie geriicht goufen. Nieft dem emotionale Leed, huet hien och kierperlech gelidden; en hat Rheuma an eng Sciatique. Hie war fir d'éischt dräi Wochen an der Kurstad Bad Wildbad an duerno ee Mount zu Bad Teinach wou e behandelt gouf a sech och emotional erhuel konnt.[12]

Schlass vu Mäertert

[änneren | Quelltext änneren]

Zu Mäertert huet den Antoine Pescatore 1867 Lännereie vu senger Groussmamm Marguerite-Françoise Beving-Pescatore geierft; hien huet riets a lénks nach Terraine getosch oder bäikaaft, a koum méi spéit op eng Fläch vun am Ganze ronn 10 Hektar op deem e sech vum Édouard André e Park uleeë gelooss huet. En Deel vu sengem Terrain huet en der Kierchefabrick vu Mäertert vermaach, fir dorop en neie Kierfecht z'amenagéieren. Ronn 20 m² dovu ware fir d'stierflecht Iwwerreschter vun der Pescatore-Famill reservéiert. 1872 huet en ugefaangen, d'Schlass Mäertert ze bauen.

Iwwerdeems hire Wunnsëtz an der Stad war, huet d'Koppel Pescatore-Feltz tëscht 1870 an 1886 awer deels zu Mäertert verbruecht, haaptsächlech an de Summerméint. Zu Mäertert goufen och déi dräi jéngst vun hire Kanner gebuer.

D'Schlass an de Park zu Mäertert goufen 1887 versteet; se sinn un de Paul Simonis, de Fils vum fréiere Minister Charles Mathias Simonis, iwwergaangen.[13]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schlass Mäertert.

Haiser an der Stad an zu Boufer

[änneren | Quelltext änneren]
Situatioun vun den Terrainen Pescatore / Gellé an der Hossegässel ëm 1845

Nom Bestietnes 1863 huet d'Koppel an der Stad op 4[14] an der Hossegässel (deemools Rue de la Montagne) gewunnt, am Haus dat dem Antoine seng Elteren 1842 kaaft haten a wou hie seng Kannerzäit verbruecht huet (giel gefierft um Plang niewendrun). Ongeféier zu der Zäit wéi d'Koppel sech do installéiert huet, hunn de Joseph-Antoine Pescatore (e Koseng vum Antoine sengem Papp) a seng Fra Eugénie Dutreux en Nopeschhaus kaaft fir do ze wunnen (mof gefierft)[15].

Vun 1872 bis 1874 hunn de Charles Joseph de Gargan a seng Fra Émilie Pescatore am Haus Pescatore-Feltz gewunnt, ier s'an d'Villa Vauban geplënnert sinn.

De 7. Juni 1886 ass d'Famill Pescatore-Feltz op Boufer geplënnert, an dat Haus dat den Théodore Pescatore (1802-1878) dem Antoine sengem Fils Théodore verierft hat.

De Pescatores hir Haiser an der Hossegässel (Nummeren 2 a 4) goufen den 12. Mee 1887 versteet. Et ass net gewosst u wien s'iwwergaange sinn, mä se blouwen nach bis 1934 am Besëtz vu Familljememberen a goufe verlount; tëscht 1912 an 1925 huet d'Koppel Louis Wehenkel - Élisabeth Pescatore mat hire Kanner do gewunnt. D'Annex vum Haus 4 war zäitweis e Pied-à-terre fir den Antoine a seng Kanner, déi an der Stad an de Kolléisch gaange sinn[16]. Vun 1919 bis 1928 hunn dem Antoine säi Fils Ferdinand Pescatore a seng Fra Cunégonde Heuertz an hir Kanner an der Annex gewunnt.

Tëscht den zwéi Pescatores-Haiser louch d'Haus Nr 2 (blo gefierft), dat dem Regierungsmember Jean-Baptiste Gellé gehéiert huet. No deem sengen Doud ass d'Haus un d'Stater Gemeng gaangen, fir et den « dames charitables » oder engem aneren « service de bienfaisance » zur Verfügung ze stellen. 1851 huet d'Gemeng et dem Franziskaneruerden zur Verfügung gestallt. Wéi déi enzwousch anescht higeplënnert sinn, huet dem Pierre-Antoine Pescatore seng Wittfra Marguerite-Séraphine Beving d'Haus den 10. Oktober 1853 zeréck kaaft an et gouf vun de Jeunes économes benotzt, déi sech ëm jong Meedercher aus einfache Verhältnisser gekëmmert hunn. 1872 sinn d'Jeunes économes erausgeplënnert an d'Haus gouf bis 1934 verlount, ier et nees an d'Hänn vun der Gemeng koum, déi den Office social an eng Vollekskichen dodran opgemaach huet.

D'Eugénie Pescatore huet der Gemeng d'Haus Pescatore-Dutreux vermaacht an den éischte Conservatoire vun der Stad huet 1906 do seng Dieren opgemaach. Wéi d'Museksschoul 1984 op Märel geplënnert ass, goufen déi dräi Gebaier komplett renovéiert an ëmgebaut an 1996 gouf de Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg ageweit. Am Haff vum haitege Musée stoung bis 2022 eng Bluttbuch, déi warscheinlech geplanzt gouf wéi de Pierre Pescatore d'Haus 1842 kaaft hat.[17]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Lëtzebuerg City Museum an am Artikel Bluttbuch am Haff vum Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg.

  • Werner, Charles, Les Pescatore-Feltz de 1863 à 1916 : témoins d'un demi-siècle mouvementé : de l'aisance par la tempête à l'acalmie, Luxembourg : Ch. Werner, 2025, ISBN 978-99959-0-988-8
 Commons: Dominique-Antoine Pescatore – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (de) Doudeschäin N° 12 S. 29. Archives nationales, Commune de Lorentzweiler (09.09.1916). Gekuckt den 13.02.2026.
  2. Mersch, J., 1949 "Les Pescatore", Biographie nationale du pays de Luxembourg, fascicule 02, S. 445-569.
  3. Wehenkel, A., 2002. Chronique de la famille Pescatore. Une histoire généalogique et culturelle. Association Luxembourgeoise de Généalogie et d'Héraldique, Luxembourg, S. 63-66.
  4. (fr) « Attendu que l’immeuble sis 1, rue du Parc à Mertert se caractérise comme suit ». Commission des sites et monuments nationaux (« COSIMO ») (15.12.2021). Gekuckt de 15.02.2026.
  5. Les Pescatore-Feltz de 1863 à 1916 (cf Literatur) S. 44
  6. ibid., S. 59 – 61
  7. 1 2 ibid., S. 67 – 69
  8. 1 2 ibid., S. 14
  9. "Pescatore Dominique-Antoine", D'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg.
  10. "Bankverein in Luxemburg", D'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg.
  11. Les Pescatore-Feltz de 1863 à 1916 (cf Literatur), S. 70 – 71
  12. ibid., S. 73
  13. ibid., S. 25
  14. hautdesdaags Haus Nr 24 rue du Saint-Esprit
  15. hautdesdaags Haus Nr 14 rue du Saint-Esprit
  16. Les Pescatore-Feltz de 1863 à 1916 (cf Literatur), S. 125
  17. ibid., S. 146 – 150
  18. "Ordre de la Couronne de chêne", Mémorial, n° 34, 15. Juni 1872.
  19. Les Pescatore-Feltz de 1863 à 1916 (cf Literatur), S. 63
  20. ibid., S. 23