Op den Inhalt sprangen

Brasseurs Schmelz

Vu Wikipedia
D'"Aachener Hütte", ëm 1910.

D'Brasseurs Schmelz war eng Schmelz zu Esch-Uelzecht, laanscht d'Other Strooss an op der Grenz mat Loutrengen, déi vun der Société des hauts-fourneaux luxembourgeois opgeriicht a bedriwwe gouf.

D'Gesellschaft gouf de 4. Dezember 1869 gegrënnt. Nieft Membere vun der Brasseurs-Famill - Dominique-Alexis, Pierre an Hubert - waren och Leit wéi de Lucien Richard, den Théodore de Wacquant, de Charles Simonis, de Léon Lamort, de Frédéric Hess, den Auguste de Colnet d'Huart, den Antoine-Dominique Pescatore, de Léon Wurth, de Jean-Pierre Hardt, den Auguste de Gerlache, oder de Jean-Pierre Foehr Sociétairen.[1]

De 26. Januar 1870 gouf d'Gesellschaft etabléiert, an dat selwecht Joer krut se d'Autorisatioun, déi zwéin éischt Héichiewe vun der Brasseurs Schmelz ze bauen. Si haten och 10 Minièresgesellschaften, déi ufanks iwwer Dag, duerno a Galerien, Minett exploitéiert hunn.

Den 10. Abrëll 1872 gouf den éischten Héichuewen ugestach.

Vun 1874 bis 1881 war de Constant Fischer-Becker (12.10.1838 - 17.1.1915) éischten Direkter vun der Schmelz. 1881 bis 1890 war den Théodore de Roebé säin Nofollger, a vun 1890 bis 1898 den Adolphe Kroll (de Papp vum Guillaume Kroll).

Am Juli 1892 huet d'Société des hauts-fourneaux luxembourgeois mam Aachener Hütten-Aktien-Verein Rothe Erde fusionéiert, an d'Schmelz gouf an Aachener Hütte oder Rothe Erde ëmgenannt.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anrescht uginn: Fiche "Usine Brasseur" op industrie.lu.