Pierre Brasseur (Industriellen)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Industrielle Pierre Brasseur. Fir Persoune mat demselwechten Numm, kuckt w.e.g. Pierre Brasseur.

De Pierre Brasseur, gebuer den 21. Juni 1832 zu Esch-Uelzecht, gestuerwen de 7. Februar 1918, war en Notaire an Industriellen.

Hien huet an den 1850er Joren zu Paräis Droit studéiert. Ëm déi Zäit ass hie gewuer ginn, datt et en industrielle Gebrauch fir d'Minett géif. Wéi hien zréck op Lëtzebuerg komm ass, huet hien ugefaange Terrainen zu Esch ze kafen, wou seng Famill der schonn hat. Hien huet fir d'éischt als Agent fir d'Metz & Cie geschafft ier hie sech selbstänneg gemaach huet.

1861 war hien ee vun de Grënner vun der Société pour l'exploitation des Minières du Grand-Duché de Luxembourg.

1865 gouf hien Notaire zu Esch.

Zesumme mat senge Bridder Dominique-Alexis an Hubert a 24 aneren Investisseuren huet hien de 26. Januar 1870 zu Esch-Uelzecht d'Société des Hauts Fourneaux de Luxembourg, déi sougenannt Brasseur-Schmelz gegrënnt, déi spéider Terres Rouges. Si hat e Kapital vun zwou Millioune Frang, wat séier op dräi Millioune gehuewe gouf. De Pierre Brasseur war och den éischten Direkter vun der Brasseur-Schmelz bis hie sech ëm 1874 mat sengem Verwaltungsrot iwwerworf huet.

Den 22. Juni 1875 gouf de Pierre Brasseur Notaire zu Déifferdeng genannt. Hie war awer och weider am Beräich vun de Minièren aktiv, ënner anerem fir de Victor Tesch an den Norbert Metz, mat deenen hien excellent Relatiounen hat. Hie war 1882 den Notaire virun deem d'Société anonyme des Hauts-fourneaux et Forges de Dudelange gegrënnt gouf nodeem hie virdrun d'Missioun kritt hat, d'Terraine fir d'Schmelz ze kafen.

Den 2. November 1885 ass de Pierre Brasseur nees Notaire zu Esch genannt ginn.

1894 war hien zu Rëmeleng ee vun de Grënner vun der éischter Zementsfabréck zu Lëtzebuerg, der Brasseur, Lambert & Cie. D'Rëmelenger Fabréck huet hien 1897 an d'Compagnie Générale des Ciments abruecht.

1914 huet sech de Pierre Brasseur als Notaire zréckgezunn.

Hie war dat 11. Kand vum Dierwiechter Alexis Brasseur-Schockmel. De 17. November 1864 huet hien d'Hélène Wurth, dem François-Xavier Wurth-Paquet säi Meedchen, bestuet. Si hate fënnef Kanner, de Xavier, den Hubert, de Paul, d'Julie an d'Louise.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Jules Mersch: Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 19

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]