Dominique Brasseur

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Affekot a Politiker Alexis Brasseur. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Alexis Brasseur.
Dominique Brasseur
Gebuertsnumm Dominique-Alexis Brasseur
Gebuer 14. Juni 1833
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 17. November 1906
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Affekot
Famill
Geschwëster Pierre Brasseur (Industriellen), Hubert Brasseur (1823)
Kanner Alexis Brasseur, Robert Brasseur

Den Dominique (genannt Alexis) Brasseur, gebuer de 14. Juni 1833 zu Esch-Uelzecht, gestuerwen de 17. November 1906 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.

Hie war vun 1866 bis 1899 Deputéierten an der Chamber. Vun 1891 (Nominatioun: 27. Januar 1891)[2] bis 1894 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. Duerno war e bis 1899 do am Gemengerot.

Den Dominique Alexis Brasseur war Matgrënner vun enger Rëtsch Schmelzen, dorënner d'Société des Hauts Fourneaux Luxembourgeois zu Esch-Uelzecht.

Hie war de Jong vum Dierwiechter Alexis Brasseur (1775-1841) an deem senger Fra aus zweetem Bestietnes, der Marie-Anne Schockmel (1794 - 1873). Hie war mat der Constance Brasseur bestuet, der Duechter vu sengem Hallefbrudder Jean-Baptiste. Den Alexis an de Robert Brasseur ware seng Jongen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Mersch, Jules, Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 19, S.77 - S. 93
  • Arendt, Karl. Advokat Dominik Alxis Brasseur. S. 70 In: Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes von ihren Anfängen bis zur Neuzeit: mit biographischen Notizen. Luxemburg: M. Huss, 1908.- IVter Band.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Virgänger:
Emmanuel Servais
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
1891 - 1894
Nofollger:
Émile Mousel

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nécrologie publizéiert am Luxemburger Wort vum 19. November 1906
  2. Arrêté grand-ducal publizéiert am Mémorial N° 7 vum 27. Januar 1891, S. 117