Robert Brasseur

Vu Wikipedia
Robert Brasseur
Gebuer 19. November 1870
Lëtzebuerg
Gestuerwen 15. Februar 1934
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Liberal Liga
Famill
Papp Dominique Brasseur
Geschwëster Alexis Brasseur
De Robert Brasseur ass um Nikloskierfecht begruewen.

De Robert Brasseur, gebuer den 19. November 1870 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen de 15. Februar 1934, war e lëtzebuergesche Politiker, Affekot a Journalist.

De Robert Brasseur huet zu Stroossbuerg a Paräis Droit studéiert. Hie war 1904 ee vun de Matgrënner vun der Liberaler Liga. Hien huet och d'Union Internationale des Avocats matgegrënnt. Tëscht 1899 an 1925 war hien Deputéierten an der Chamber, an tëscht 1904 an 1925 Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

De 6. Mäerz 1933 gouf hien als Member vum Staatsrot nominéiert an ass dat bis zu sengem Doud bliwwen.[1]

Vun 1912 bis 1922 war hien den éischte President vum COSL. Hie war och Mataarbechter bei verschiddenen Zeitungen.

De Robert Brasseur war de Jong vum Dominique Brasseur an de Brudder vum Alexis.

1914 gouf hie mat der Jeanne de Saint-Hubert (Schwëster vun der Aline de Saint-Hubert) bestuet, déi 1900 vun hirem éischte Mann, dem Robert Brasseur sengem Koseng Xavier Brasseur, gescheet gi war an deen an der Tëschenzäit gestuerwe war.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Biographie vum Robert Brsseur geschriwwe vum Jules Mersch a publizéiert op Luxemburgensia online. luxemburgensia.bnl.lu. Gekuckt de(n) 2021-06-21.