Aachener Hütten-Aktien-Verein Rothe Erde

Vu Wikipedia
Aachener Hütten-Aktien-Verein
Rothe Erde
D'Direktiounsgebai
Typ S.A.
Grënnungsdatum 1864
Schlussdatum 1926
Sëtz Oochen-Rothe Erde
Hüttenstrasse 1-9
Mataarbechter max. 6.600
Branche Eiseproduktioun
Produit Stafeisen, Blecher
Profilleisen
Schinnen


Den Aachener Hütten-Aktien-Verein Rothe Erde war en däitschen Industriekomplex deen zu Oochen am Quartier Rothe Erde vun 1845 bis 1864 ënner verschiddenen Nimm a vun 1864 bis 1926 ënner dësem Numm bestanen huet.

De Betrib ass 1845 entstane wéi de Jacques Piedboeuf, den Entrepener Hugo Jacob Talbot an d'Maschinnebauer Johann Leonard an Theodor Esser decidéiert hu fir e Walzwierk ënner dem Numm Piedboeuf & Co., Aachener Walz- und Hammerwerk als oppen Handelsgesellschaft opzeriichten. 1846 hu se d'Landgutt Rothe Erde am Süde vun Ooche kaaft an de Maschinnefabrikant Neumann huet seng Terrainen an der Stolberger Strooss mat an d'Firma bruecht, soudatt e groussen Terrain fir de Bau vum Wierk disponibel war.

1847 ass d'Wierk mat Puddeliewen, engem Blechwalzwierk a Produktiounsatliere fir Schinnen a Stafeisen a Betrib gaangen. D'Walzwierk stoung ënner der Leedung vum Reiner Daelen, e belsche Walzwierksingenieur dee vun der Lendersdorfer Hütte koum. Wéinst de politesch onrouegen Zäite gouf et och ëmmer nees Ännerungen an der finanzieller Situatioun. 1851 gouf d'Firma a Karl Ruetz & Co. ëmgedeeft, an et koumen nei Geschäftspartner mat eran, sou wéi z. B. den Dürener Entreprener Hoesch an och Kölner an Duisburger Handelshaiser.

Trotz enger allgemenger ekonomescher Reprise blouf d'Finanziell Lag vun der Entreprise nach ëmmer gespaant, sou datt 1861 de Julius Talbot, de Jean Piedboeuf an de Julius Esser d'Wierk iwwerholl hunn an 1864 doraus d'Aktiegesellschaft Aachener Hütten-Aktien-Verein Rothe Erde gemaach hunn. An de Joren duerno huet de Betrib sech zu engem vun de gréisste gemëschte Wierker vun der däitscher Eisenindustrie entwéckelt.

Eng Minière zu Esch-Uelzecht mat der Opschrëft Rothe Erde.

1879 huet d'Rothe Erde d'Patent vum Thomas-Procedé dee kuerz virdrun an England entwéckelt gi war opkaaft, grad sou wéi e puer Joer duerno d'Kallekswierker vu Büsbach fir déi neideg Réistoffer fir dee Procédé ze hunn. Doriwwer eraus huet d'Firma sech u Minièren an Héichuewebetriber zu Lëtzebuerg (Société des hauts-fourneaux luxembourgeois) an a Loutrenge bedeleegt fir manner ofhängeg vun de Variatioune vun de Minettspräisser ze sinn. 1904 hunn op der Rothe Erde iwwer 6.600 Aarbechter geschafft.

Eng grouss Ännerung koum nom Éischte Weltkrich wéi d'Oochener Schmelz als Krichsentschiedegung, lëtzebuergesche Besëtz gouf. Am Ufank gouf mat 3.000 Mann weidergeschafft. Wéi Lëtzebuerg awer 1922 aus dem Zollveräin ausgetrueden ass, war d'Rentabilitéit vum Wierk a Fro gestallt. Derbäi koum déi allgemeng schwéier ekonomesch Situatioun, doudatt d'Wierk 1926 definitiv zougemaach gouf.

Vun de Gebaier steet haut nach d'Direktiounsgebai an der Hüttenstraße, dat ganz mat rouden Zille gebaut war an e Fabrécksgebai um Eck Philipsstraße/Eisenbahnweg.