Léon Wurth

Vu Wikipedia
Léon Wurth
Léon Wurth
Gebuer 10. Abrëll 1828
Lëtzebuerg
Gestuerwen 18. August 1897
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Famill
Papp François-Xavier Wurth-Paquet
Kanner Joseph Wurth, Paul Wurth

De Léon Mathias Wurth (Würth), gebuer den 10. Abrëll 1828 an der Stad Lëtzebuerg,an do gestuerwen den 18. August 1897[1], war e lëtzebuergeschen Affekot, Deputéierten a Bankdirekter.

De Léon Wurth huet zu Léck, Paräis an Heidelberg studéiert an ass 1851 zu Lëtzebuerg Affekot, an 1853 Avoué ginn.

Vun 1864 bis 1872 war hien als Deputéierte vum Kanton Réimech Member vun der "Assemblée des États" resp. der "Chambre des Députés".

Den 11. Oktober 1872 ass hien Direkter vun der Banque Internationale ginn.

An dem Martin Blum senger Bibliographie sinn dräi Memoiren an ee Rapport opgezielt, wou de Léon Wurth Coauteur war[2].

De Léon Wurth war mat der Joséphine Macher bestuet.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Mersch, J., 1967. La famille Wurth. Biographie nationale du pays de Luxembourg., fasc. 15, S. 165-378 (Léon Wurth: S. 331-336). [1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (de)Civilstand der Stadt Luxemburg. viewer.eluxemburgensia.lu. Obermosel-Zeitung (24. August 1897). Gekuckt de(n) 2024-02-04.
  2. Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 2: M-Z, S. 614-615.