Martin Blum

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Martin Blum
Gebuer 13. Juni 1845
Pafendall
Gestuerwen 20. Januar 1924
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Paschtouer, kathoulesche Priister

De Martin Blum gebuer den 13. Juni 1845 am Pafendall, a gestuerwen den 20. Januar 1924 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Paschtouer an Historiker.

Hien huet 1895 d'Geschichtszäitschrëft Ons Hémecht gegrënnt, an huet déi éischt Bibliographie geschriwwe vun deene Bicher, déi vu Lëtzebuerger geschriwwe goufen, oder zu Lëtzebuerg erauskoumen.

No dem Martin Blum sengem Doud huet de Seminär seng grouss Sammlung vu Luxemburgensia geierft an huet haut déi zweetgréisst Kollektioun zu deem Theema no der Nationalbibliothéik.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Graf um Nikloskierfecht.

De Martin Blum koum den 13. Juni 1845 am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg op d'Welt. Seng Eltere waren de Martin Blum an d'Catherine Scheidt. Zwéi Joer no senger Gebuert ass hie mat sengen Elteren an d'Uewerstad gezunn, wou déi an der haiteger Rue de la Reine e Café gefouert hunn.

De Martin Blum gouf de 27. August 1869 zum Geeschtleche geweit. 1872 gouf hie Kaploun zu Nidderfeelen an duerno Paschtouer zu Nojem (1876), zu Hiefenech (1887), Menster (1891) a Gräisch (1898).

No senger Pensionéierung (1903) huet hien zwee Joer zu Hollerech gelieft (Hollerech war bis 1920 eng eege Gemeng) an ass duerno an d'Stad gezunn, wou e Benefiziat an der Kathedral gouf.

De Martin Blum ass den 20. Januar 1924 gestuerwen. Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.[1]

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par les Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché de Luxembourg. 1902-1932 (Neioplo, erausginn a completéiert vum Carlo Hury, an 2 Bänn, 1981).

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hury, C., 1982. Landpfarrer und Bibliograph: Martin Blum. In: 125 Joer Sang a Klang Pafendall, S. 121-129. Dréckerei Print-Service, Lëtzebuerg, 280 S.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell fir den Iwwerbléck iwwer säi Liewenslaf: Carlo Hury, 1982.
  2. Doudesannonce vum Martin Blum am Luxemburger Wort vum 21. Januar 1924 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-07-09.