Rue Génistre
Geschierkëscht
Allgemeng
Drécken/exportéieren
An anere Projeten
Ausgesinn
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lantergässel)
Lëtzeb. Numm |
Lantergässelchen, Lantergässel |
---|---|
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Uewerstad |
Postcode | L-1623 |
Koordinaten | 49°36'41,80"N, 6°7'50,20"O |
Morphologie | |
Längt | 100 m |
Héicht i. M. | 306 m |
Geschicht | |
Genannt | 16. Mee 1925 |
Genannt no | Claude de Genetaire |
D'Rue Génistre[1] (Lantergässel(chen)) ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft als Verlängerung vun der Rue de la Poste, vum nord-ëstlechen Eck vun der Plëss bis op de Roude Pëtz.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm vun der Strooss gëtt ofgeleet vum loutrengeschen[2],[3] Infanterie-Colonel a Gouverneur vun Arel Claude de Genetaire (* 1624; † 17. November 1681). Hien hat en Haus, do wou haut den Zerkel steet[2].
Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]- Cercle municipal
- Espace culturel Cité mat der Stater Bibliothéik, op der Plaz vum fréiere Ciné Cité.
- Entréesportal vum fréiere Bëschofspalais (geet duerch bis bei d'Haus Nr. 3 an der Paschtoueschgaass); de 5. Mee 1978 op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Entréesportal vum fréiere Bëschofspalais
-
Maskaron um Zerkel
-
Espace culturel Cité mat der Stater Bibliothéik
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Rue Génistre – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ och nach an der Schreifweis Genistre ze fannen; dem Registre national des adresses no an och um offizielle Plang vun der Stad Lëtzebuerg ass de richtegen Numm awer Génistre
- ↑ 2,0 2,1 Evy Friedrich 1982. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? (PDF) Ons stad 11: 27
- ↑ an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg (archives-vdl.lu) steet et wär e spuenesche Colonel gewiescht (cf rue Genistre; gekuckt den 23. Februar 2020)