Reckendall

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Reckenthal)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Reckenthal
Luxembourg, Reckenthal - nom de rue.jpg
Numm lb: Reckendall
fr: Reckenthal
Bemierkung Deel vum CR230
Längt ca. 2.700 m
Gemeng Lëtzebuerg
Stroossen
Uertschaft Lëtzebuerg
Stroossen
Quartier Rollengergronn
Postcode 2410
Koordinaten 49° 37’ 26’’ N
06° 05’ 49’’ O

De Reckendall ass e Lieu-dit an eng Strooss an der Gemeng Stroossen an am Quartier Rollengergronn vun der Stad Lëtzebuerg. En ass en Deel vum CR230 a verbënnt d'Rue de Rollingergrund (N12) mat der Arelerstrooss (N6) zu Stroossen.

Am ënneschten (ëstlechen) Deel leien d'Haiser op der gerueder Stroossesäit (Hausnummeren 12 - 132) um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg, all déi aner Haiser - an domatter de gréissten Deel vum Reckendall - gehéieren zu der Gemeng Stroossen.

Urspronk vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

Laang Zäit gouf geduecht, den Numm Reckendall hätt keng richteg Bedeitung. Mat engem Bléck op de Urkadasterplang (ëm 1820), schéngt een dem Urspronk vum Numm awer méi no ze kommen. Grafesch ass um Plang zwar weder e Feld oder e Flouer mat sou engem Numm, ma am ieweschten Deel, beim Rackenberg, steet niewent engem Pad a Richtung Stroossen eng Notiz derbäi: (fr) « maisons isolées appelées Reckenthal ». An der Fachliteratur geet e vun der selwechter Bedeitung fir Racken aus wéi fir Recken. Béid Nimm deiten op Begrëffer hi wéi Grenzen, Reien, Häng, Terrassen um Bord vun Akeren bei engem Hank, asw. Ähnlech Erklärungen fënnt een och am Luxemburger Wörterbuch[1].

Wëssenschaftlech wäit gefächert Sproochetüden deiten drop hin, datt et sech ëm en aalt Nome vun der europäescher Toponymie handelt. De Rackebierg ass deemno e „Feld-Bierg” um Bord vum Bambësch; op sengen Terrasse fänkt de Reckendall un[2].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Reckendall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Riech, Reech, Rääch: Abhang, Böschung, (Feld-) Rain
  2. Henri Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?, Ons Stad 50/1995, S. 25