Op den Inhalt sprangen

Beim Fetschebuer

Vu Wikipedia
Beim Fetschebuer
Offiziellen Numm Beim Fetschebuer
Ënnerhal vu(n) Administration des ponts et chaussées
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Hamm
Koordinaten 49°36'55,300"N, 6°10'6,600"O
Morphologie
Längt 750 m
Geschicht
Genannt no Fetschebuer

Beim Fetschebuer ass den Numm vun enger Sakgaass am Quartier Hamm vun der Stad Lëtzebuerg.

Se huet hiren Ufank beim Hammer Dällchen a leeft vun do aus a Richtung Osten, parallel mat der Eisebunn bis bei de Boulodrome.

Nodeems d'Zuchstreck moderniséiert an ausgebaut gouf an d'Barriär nieft der Gare Zens-Hamm ofgerappt an duerch eng Bréck ersat gi war, krut den Äppelwee um ëstleche Wupp en neien Tracé. Dat Stéck vum fréieren Äppelwee, dat tëscht dem Hammer Dällchen an der Barriär louch, krut 2019 - zesumme mat der Sakgaass déi bis bei de Boulodrome féiert a bis dohin nach keen Numm hat - den Odonym Beim Fetschebuer.

Den Numm geet zeréck op de Fetschebuer, e Buer an eng Dränk déi Säit vun der Eisebunn.

 Commons: Beim Fetschebuer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]