Rue Bender

Vu Wikipedia
Rue Bender
Numm fr: Rue Bender
Längt ca. 180 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare
Postcode 1229
Koordinaten 49° 36’ 13.3’’ N
      06° 08’ 07.2’’ O
Genannt no Blasius Columban von Bender

D'Rue Bender ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vun der Wallisplaz a Richtung Nordoste bis bei d'Rue du Laboratoire.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank vum 20. Joerhonnert ass d'Strooss just bis bei d'Rue du Fort Neipperg gaangen[1]; eng Bréck (Pont de la Concorde) déi d'Verbindung iwwer d'Eisebunn ewech bis op d'Bouneweger Säit gemaach huet, gouf eréischt méi spéit gebaut.

Am Kader vum Bau vun der Rocade de Bonnevoie sinn uganks vun den 1990er Jore Gebaier iwwer den Eisebunnsschinne gebaut ginn an d'Bréck gouf 1993 erëm ofgerappt[2].

Den Numm vun der Strooss geet zeréck op de Blasius Columban von Bender (1713-1798), dee vu 1785 bis 1795 Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg war.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue Bender – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxembourg en 1907“, Stadplang vum Jean-Pierre Biermann
  2. „Mehr Lebensqualität für Bonneweg und das Bahnhofsviertel“ Ons stad 1996, Nr. 52: 18-19