Rue du Fossé (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Rue du Fossé
Numm lb: Um Gruef
fr: Rue du Fossé
Fréieren Numm fr: Rue Guillaume (bis 1925)[1]
de: Auf dem Graben
Längt ca. 200 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 1536
Koordinaten 49° 36’ 39’’ N
      06° 07’ 54’’ O


D'Rue du Fossé (um Gruef) ass eng Strooss am Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg.

D'Strooss leeft ongeféier a süd-nërdlecher Richtung an ass zirka 200 m laang. Am Süde geet se fort vun der Place de Clairefontaine, do wou d'Ënneschtgaass (rue Notre-Dame) an d'Waassergaass (rue de l'Eau) openeestoussen. Am Norde geet d'Rue du Fossé bis op d'Groussgaass. Op der anerer Säit vun der Groussgaass geet et weider a Richtung Norde mat dem Eecher Bierg (Côte d'Eich).

Hiren Numm krut se well s'iwwer de Gruef gebaut gouf, dee virun der zweeter Festungsmauer gelaf ass[2].

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss Auf dem Graben geheescht[3].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

1933[änneren | Quelltext änneren]

1933 gouf de Gruef méi breet gemaach. Domat sollt d'Alstad un de Confrot an d'Hygiène vun der neier Stad aus dem 19. Joerhonnert ugepasst ginn. Déi architektonesch Interventioun an den Tissus historique gouf vun der Obermosel-Zeitung deemools als Dokument neuzeitlicher Baukunst a Beweis Luxemburger Leistungsfähigkeit duergestallt.

Ausgruewungen 2012/13[änneren | Quelltext änneren]

2012 an 2013, wéi de Stroossebelag an déi ënnerierdesch Infrastrukturen erneiert goufen, koume Fëllementer vun enger Baussemauer vum Franziskanerklouschter an och, op enger Fläch vu 5 m op 5 m, véier Skeletter zum Virschäin. D'Skeletter konnte bis elo (Stand Mäerz 2013) nach net méi genee datéiert ginn, wéi datt s'aus enger Zäit stamen déi vum Mëttelalter bis an d'17. Joerhonnert geet.[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue du Fossé (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  2. Déi zweet Festungsmauer gouf ënner dem Grof Giselbert ëm 1050 gebaut. Cf.d'Plack um Tuerm op der Clairefontainesplaz.
  3. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.
  4. "Trois squelettes découverts près du palais." lessentiel.lu, 20 novembre 2012 15:52; Act: 20.11.2012 19:00.
    "3 Skeletter bei Aarbechten an der Stad entdeckt." RTL.lu - 21.11.2012, 14:45 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.11.2012, 07:33