Ierzewee

Vu Wikipedia
Ierzewee
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Hamm, Polvermillen
Geschicht
Genannt no Bounäerz

Den Ierzewee ass eng Strooss déi vun der Rue de Hamm zu Hamm an der Stad Lëtzebuerg bis an d'Rue de Pulvermühl am Nopeschquartier Polvermillen verleeft.

Am Ierzewee leien nëmmen dräi Haiser (Nummeren 1, 3 a 5) op der Hämmersäit.

Den Ursprong vum Stroossennumm ass drop zeréckzeféieren, datt op der Héicht bei Hamm fréier Bounäerz (och nach Bounenierz[1]) fonnt gouf. D'Äerz gouf vun do aus laanscht d'Uelzecht bis an d'Al Dummeldenger Schmelz bruecht fir do geschmollt ze ginn[2].

D'Indikatioun „Mine de Fer“ op der Ferrariskaart vu 1778 oder de Flouernumm Ierzkaulen weisen drop hin, datt Äerz an der Ëmgéigend vun Hamm fonnt gouf.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ierzewee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wörterbuch Bd. 1, Sp. 39 bis 40 op infolux.uni.lu, dem Fuerschungsportal iwwer d'Lëtzebuergescht
  2. Evy Friedrich, 1984. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 15: 26-27