Boulevard de l'Alzette

Vu Wikipedia
Boulevard de l'Alzette
Numm fr: Boulevard de l'Alzette
Längt ca. 65 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Pafendall
Postcode 1124
Koordinaten 49° 36’ 53.7’’ N
      06° 07’ 57.9’’ O
Genannt no Uelzecht

De Boulevard de l'Alzette ass eng Strooss am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Rue Alfred Kowalsky („Am Musée“) als Sakgaass a südëstlecher Richtung, parallel mat der Uelzecht. Um Wupp vun der Strooss féiert eng Foussgängerbréck iwwer d'Uelzecht an d'Lougaass; d'Strooss selwer geet an e Fousswee iwwer, dee laanscht d'Uelzecht weider féiert a bei der Hondhausbréck erauskënnt.

Bis 1947 huet den Odonym Boulevard de l'Alzette den haitege Boulevard d'Avranches bezeechent[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boulevard de l'Alzette – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Evy Friedrich, 1979. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 2: 32
  2. Quell: Syndicat d'Intérêts Locaux Pfaffenthal-Siechenhof (SILPS), fir d'lescht gekuckt den 28. Oktober 2015