Avenue Marie-Thérèse
Geschierkëscht
Aktiounen
Allgemeng
Drécken/exportéieren
An anere Projeten
Ausgesinn
Vu Wikipedia
|
| |
| Offiziellen Numm | Avenue Marie-Thérèse |
|---|---|
| Ënnerhal vu(n) | Administration des ponts et chaussées |
| Situatioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Quartier(en) | Uewerstad |
| Deel vun | Nationalstrooss 4 |
| Postcode | L-2132 |
| Koordinaten | 49°36'28,501"N, 6°7'21,900"O |
| Morphologie | |
| Längt | 460 m |
| Geschicht | |
| Genannt no | Maria Theresia vun Éisträich |
|
| |
D'Avenue Marie-Thérèse ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se ass den Ufank vun der Nationalstrooss 4 a verleeft vun der Bréisseler Plaz a Richtung Westen, laanscht de Stater Park bis op d'Kräizung Boulevard Grande-Duchesse Charlotte / Escher Strooss.
D'Strooss krut hiren Numm als Undenken un d'Maria Theresia vun Éisträich, déi vu 1740 bis 1780 Äerzherzogin vun Éisträich, Kinnek[1][2] vun Ungarn (1741 - 1780), Kinnigin vu Béimen (1743 - 1780) an deemno och Herzogin vu Lëtzebuerg war[3].
Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) housch d'Strooss „Maria Theresienallee”[4].
Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]Laanscht d'Avenue leien ë. a. dës Gebaier:
- Pôle Nord (ofgerappt)
- Villa Baldauff
- Bëschofspalais
- Konvikt
- Villa Schaefer (besteet net méi)
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Villa Baldauff
- Bëschofspalais
- a Richtung Weste gekuckt
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Avenue Marie-Thérèse – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ „D'Maria Theresia war vun elo un de Rex Hungariae (Kinnek vun Ungarn). E weiblechen Titel war an der Verfassung net virgesinn.“ Quell: Martin Mutschlechner, Eljen király – es lebe der König! Maria Theresia und Ungarn, op „Die Welt der Habsburger“, gekuckt de 26 Juni 2018
- ↑ „An Ungarn gëtt si 1741 als Kinnek gewielt, déi weiblech Form vum Titel existéiert net“ Quell: Ulinka Rublack, Maria Theresia: Die Ausnahmefrau op www.zeit.de, gekuckt de 26. Juni 2018
- ↑ Evy Friedrich, 1986. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 23: 27
- ↑ Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32
