Convict épiscopal de Luxembourg

Vu Wikipedia

De Convict épiscopal de Luxembourg, meeschtens Konvikt oder och Bullett genannt, ass en Internat fir Schüler aus verschiddene Stater Schoulen, haaptsächlech aus dem Secondaire, dee vum Äerzbistum Lëtzebuerg gefouert gëtt.

De Konvikt huet 1872 seng Dieren opgemaach. Am Buch dat 1997 bei Geleeënheet vun der 125 Joer-Feier erauskoum, gëtt d'Geschicht vum Internat aus der Siicht vun enger Rei vun Anciens erzielt.

Bullett a Bullettszopp[änneren | Quelltext änneren]

Am Volleksmond gëtt de Konvikt Bullett genannt. Dëst well, sou heescht et, fréier an der Konviktskantin besonnesch dacks Bulletten (kleng Bullen aus gemueltem Fleesch) zerwéiert goufen.

Virun de Boulette gouf et dacks eng kloer Zopp, mat wéineg Geméis a Fleesch, déi sougenannt Bullettszopp. Dëse Begrëff fënnt een haut nach am Ausdrock: dat ass kloer wéi Bullettszopp, woumat een eng Iddi oder eng Erklärung mengt, déi kloer a gutt verständlech ass.

Och den Internat vum Iechternacher Kolléisch gëtt Bullett genannt.

Konvikt an der Literatur[änneren | Quelltext änneren]

A senger posthum (1995) publizéierter Novell mam Titel Singrün. Eine Frühlingsnovelle, erzielt den Nik Welter d'Erliefnesser vum Klaas Thill am Internat Josephinum, dee ganz offensichtlech de Stater Konvikt duerstellt, an deem den Auteur en Deel vu senger Schoulzäit verbruecht huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

125e anniversaire du Convict épiscopal de Luxembourg. Erausgi vun der Amicale des anciens vum Konvikt, 1997.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]